Frankräich Gratis Menstruatiounsproduite fir Studentinnen

Ob Binden oder Tamponen - Menstruatioun produite ginn op d'Dauer deier. Déi franséisch Regierung huet dowéinst d'lescht Woch eng nei Moossnam fir d'Studentinnen annoncéiert: vun der nächster Rentrée u sollen op den Unien gratis Hygiènesproduiten distribuéiert ginn. E wichtegen, awer trotzdeem klenge Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

Léonardo Kahn (Paräis) / cbi

Kommentar Menstruatiounsproduiten
Foto: Bigstock / istarcube

"C'est une question de dignité", sou justifiéiert d'Ministerin vum Enseignement Supérieur Frédérique Vidal d'Decisioun vun der Regierung. Vu September u sollen an de franséischen Unien 1.500 Automaten opgestallt ginn, wou d'Studentinne gratis Binden an Tampone kréien.

Eng wichteg Moossnam, wann een op déi prekär Situatioun vun de franséische Studentinne kuckt. No enger Etüd aus dem Joer 2015 lieft all fënnefte Student ënner der Aarmutsgrenz - all drëtt Studentin gëtt u finanziell Hëllef ze brauchen, fir sech Menstruatiounsproduite kënnen ze leeschten.

Méi konkret ergëtt d'Ëmfro vun der Studentegewerkschaft FAGE, datt 13 Prozent vun de Studentinne schonn op Liewensmëttel verzichte missten, fir sech Binden oder Tampone kafen ze kënnen. Dee Problem hunn männlech Studenten natierlech net. D'Macron-Regierung wëllt mat der neier Moossnam fir méi Gläichberechtegung suergen.

E politescht Motiv

Allerdéngs net méi, wéi se muss. Fir de Staatspresident Emmanuel Macron handelt et sech hei ëm e Verspriechen aus engem Interview viru Chrëschtdag. Fir d'Ministerin vum Enseignement Supérieur Frédérique Vidal geet et souguer ëm d'politescht Iwwerliewen.

Zanter zwou Woche fuerdere vill Medien a Politiker de Récktrëtt vun der 56-Joer aler Ministerin. Nodeems si d'Unie verdächtegt huet, Islamo-Gauchisten als Proffen anzestellen an eng landeswäit Etüd dozou finanzéiere wollt, gouf et en enorme Backlash. De neie Programm em d'Menstruatiounsproduite war fir si eng Method, no dem Skandal net an de rietsen Eck gedrängt ze ginn - mat Succès.

All Frae si betraff

Mee d'Précarité menstruelle ass kee Problem, dee sech op d'Studentinne beschränkt. Jonk Schülerinnen am Lycée leide weiderhin vun der Tabuiséierung vun hirer Reegel. Obdachlos Frae mussen op der Strooss ëmmer nach improviséieren, wa si hir Deeg kréien. Schottland huet d'lescht Joer de Problem besser geléist an huet als éischt Land weltwäit d'Menstruationsproduite vir jiddweree gratis gemaach.

Trotzdeem dierf een déi nei Moossnam a Frankräich net ze negativ gesinn. Frankräich ass dat éischt Land an Europa, dat no Schottland d'Hygiènesproduite deelweis gratis mécht. D'Lëtzebuerger Regierung huet dogéint zanter der TVA-Baisse virun zwee Joer vu 17 Prozent op dräi Prozent näischt méi an där Richtung gemaach. Lëtzebuerg ka sech hei eng Scheif vu Frankräich ofschneiden.

An der Mediathéik:

Chronik / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Tessie Jakobs
Kierperflëssegkeeten a méi

D'Tessie Jakobs ass Journalistin a war beim Podcast "Méi wéi Sex" mat dobäi. Fir si ass et kloer, datt et nach ëmmer net selbstverständlech ass soen ze soen: Ech hu meng Reegel.

Stereotyppen
Gläichstellung

Aus der Lëtzstereotype18-Etüd geet ervir, datt Frae méi e staarkt egalitäert Bewosstsinn a punkto Geschlechterrolle virweisen, ewéi Männer. D'Ministesch wëllt op Zesummenaarbecht mat der Wëssenschaft setzen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen