Lëtzebuerg Grande-Duchesse Maria Teresa vun UNO ausgezeechent
D'Grande-Duchesse Maria Teresa gouf vun der UNO ausgezeechent. Fir hir Aarbecht an der ASBL Stand, Speak, Rise Up krut d'Grande-Duchesse vun der UNO Spezialbeotraagte Pramila Patten den Titel vu "Championne am Kampf géint sexuell Gewalt bei Konflikter". D'Zeremonie war d'leschte Freideg am groussherzogleche Schlass zu Colmer-Bierg. No der Reform vum Haff, déi aus dem Waringo Rapport ervirgoung, war et en Evenement, dat no den neie Reegelen, vun der Trennung tëschent privaten an ëffentleche Funktiounen, organiséiert a finanzéiert gouf.
D'UNO Spezial-Beoptraagt fir sexuell Gewalt bei Konflikter, Pramila Patten, huet der Grande-Duchesse den Titel iwwerreecht. Eng 140 Gäscht ware fir d'Zeremonie invitéiert ginn:
"Et ass e privat Evenement", erkläert de Philippe Majerus, Direkter vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse. Nom Rapport vum Spezialbeotragte Jeannot Waringo hat de Premier Xavier Bettel ënner anerem gesot, datt déi privat Aktivitéite vun der Grande-Duchesse vun offizielle Missioune solle getrennt ginn. An deem Kontext hat de Premier och déi international Konferenz vu "Stand Speak Rise Up" am Mäerz 2019 erwäänt. D'Zeremonie, de leschte Freideg wier vun der Associatioun Stand, Speak, Rise Up, vun der UNO a vun der Administration des biens vum Grand-Duc organiséiert ginn. Finanzéiert gouf d'Evenement vum private Verméige vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse.
Fir den neie Reegelen ze entspriechen, wier am Detail geplangt ginn. Zum Beispill gouf de Catering an d'Kommunikatioun ronderëm d'Evenement vun der Administration des bien a vun der Associatioun iwwerholl. Dofir wier een och frou gewiescht, datt eng Rei privat Leit d'Evenement ënnerstëtzt hunn.
Vun den 140 Gäscht bei der Zeremonie waren déi meescht aus Lëtzebuerg. An déi, déi aus dem Ausland ugereest waren hunn op eege Käschten an Hoteller an der Haaptstad geschlof, sou de Philippe Majerus. Den Transport hätt Stand, Speak, Rise Up an d'Administration des bien iwwerholl, sou den sou den Direkter vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse.
D'Zeremonie wier iwwregens och am Covid-Check Regime ofgehale ginn, sou nach de de Philipp Majerus.
Stinn déi Iwwerliewend wierklech am Mëttelpunkt?
Zeréck bei den Titel, deen d'Grand-Duchesse vun der UNO Spezial-Beoptraagter fir sexuell Gewalt bei Konflikter Pramila Patten iwwerreecht krut. D'Pramila Patten ass den Ament och Interim-Generaldirektesch vu UN Women - der UNO Entitéit fir "Gender Egalitéit". A si ass och éierenamtlech Beroderin, am Conseil vu "Stand, Speak, Rise Up". Et géif vill Grënn, fir wat d'Grande-Duchesse Maria-Teresa den Titel vu "Championne" krut, sou d'Pramila Patten.
Der Grande-Duchesse hir Aarbecht, mat "Stand, Speak, Rise Up", géif besonnesch ee vun den Haapt-Pilliersen vun der UNO Strategie géint sexuell Gewalt bei Konflikter ëmsetzen, andeem déi Betraffen, déi déi sexuell Gewalt iwwerlieft hunn, an de Mëttelpunkt gestallt ginn.
Och d'Grande-Duchesse huet an hirer Ried e Freideg ervirgehuewen, datt déi Iwwerliewend am Mëttelpunkt vun der Initiativ Stand, Speak, Rise Up géife stoen.
Mee grad op deem Punkt hätt et vu verschiddenen ONGe Kritik ginn, hat an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land, den 3. September, de Pierre Sorlut geschriwwen. A militante Kreesser géife verschidde Leit schwéier verstoen, fir wat eng Grande-Duchesse den Titel vu "Championne am Kampf géint sexuell Gewalt bei Konflikter" kritt, an net en Affer, eng Persoun, déi iwwerlieft huet, an déi de Courage hat, ënnert grousse Geforen, ëffentlech driwwer ze schwätzen.
"Criticism is always welcome...", seet d'Pramila Patten, mee d'Affer hätte vun Ufank un vun hirem Mandat am Mëttelpunkt gestanen, an d'UNO Resolutioun 2467, vum Abrëll 2019, wou eng "survivor-centered" Approche am Kampf géint sexuell Gewalt bei Konflikter festgehale gëtt, wier e Meilesteen.
Am Land Artikel schwätzt de Pierre Sorlut och vun engem "Reproche vun Instrumentaliséierung". Eng Kritik, déi d'UNO Spezialbeoptraagte Pramila Patten awer net gëlle léist. Natierlech, géif der Grande-Duchesse hir Status hëllefen, mee dat wichtegst wier ouni Zweiwel hiren Engagement an d'Projeten, déi se ëmsetzt.
D'Situatioun vun de Fraen an Afghanistan ass de Moment eng Top-Prioritéit
Eng Top-Prioritéit fir d'Pramilla Patten ass den Ament d'Situatioun am Afghanistan, sou nach d'UNO Spezialbeotraagt.
Fir d'Fraen am Afghanistan wier et en Albdram. Trotz dem Opruff vun der UNO, géifen d'Taliban sech, wat d'Fraerechter ugeet, kloer net un dat halen, wat se versprach haten, an an och net un hir international Obligatiounen. Trotzdeem géif Moyen ginn, fir d'Taliban ënner Drock ze setzen.
All Mëttel misste benotzt ginn.