Militärkommunikatioun GovSat-1 : Eréischt ee Client

De Lëtzebuerger Militärsatellit huet fir de Moment eréischt een eenzege Client: Déi Lëtzebuerger Direction de la défense, mat där 2016 e Vertrag fir 100 Milliounen Euro iwwer zéng Joer ofgeschloss gi war. D'Gesellschaft LuxGovSat wier awer a "relativ avancéierte Verhandlunge" mat verschiddenen Natiounen, déi fir d'éischt den operative Satellit GovSat-1 hätte wëlle gesinn, seet de Philippe Glaesener (SES/LuxGovSat).

Serge Kesseler / cz

LuxGovsat
Foto: Archiv

Den SES-Vertrieder am Verwaltungsrot vu LuxGovSat Philippe Glaesener rechent domat, datt déi nächst Kontrakter relativ séier kënnen ënnerschriwwe ginn. D'Clientë géifen deemno relativ séier ufänken, d'Capacitéiten ze benotzen, "zousätzlech zu deene Capacitéiten, déi d'Lëtzebuerger Arméi bei LuxGovSat kontraktéiert huet".

Et hätt een aneren Natiounen, mat deene LuxGovSat verhandelt, gewisen, datt de Satellit fonctionnéiert, seet de Philippe Glaesener. De Satellit géif den Ufuerderunge gerecht ginn, dat heescht e kéint déi Transmissioune maachen, déi versprach gi wieren.

Allgemeng grouss Nofro

Et géif eng ganz grouss Nofro no Capacitéiten a Servicer ginn, hat den Direkter vun der Joint Venture LuxGovSat Patrick Biewer eis d'lescht Joer gesot. Deemools hat et och geheescht, datt soll analyséiert ginn, ob eventuell weider GovSate lancéiert ginn, wann den éischte Lëtzebuerger Militärsatellit funktionéiert. Eng Decisioun an deem Sënn wier nach net gefall, seet elo de Philippe Glaesener.

Et misst een analyséieren, wéi den éischte GovSat sech verkeeft a wéi e bei de Cliente géif ukommen. Op dëser Basis kéint een envisagéieren, "een zweete Satellit oder aner Méiglechkeete viraus ze gesinn".

De GovSat-1 ass e securiséierte Kommunikatiounssatellit mat spezielle Frequenze fir Missiounen am militäreschen an am staatleche Beräich. Exploitéiert gëtt e vun engem Kontrollzenter vu Betzder aus. De Projet huet e Käschtepunkt vun 225 Milliounen Euro. De Satellit soll eng Liewensdauer vun op d'mannst 15 Joer hunn.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren


Méi zum Thema

LuxGovsat
Militärkommunikatioun

D'Lëtzebuerger Direction de la défense huet e Vertrag fir 100 Milliounen Euro iwwer zéng Joer ofgeschloss. Et wier een a "relativ avancéierte Verhandlungen" mat aneren Natiounen, seet de Philippe Glaesener.

ses
D'Zuele vum Satelitten-Operateur

Beim Chiffre d'affaires ass et e Minus vu 5,2 Prozent am Verglach mat 2016. D'Netto-Resultat louch bei ronn 596 Milliounen. Dat si bal 21 Prozent manner, wann een aussergewéinlech Recetten erausrechent.

SES Satellit
Spaceindustrie

D'Analyste maache sech Suergen ëm d'Zukunft vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES. D'Industrie ass am Wandel, an och déi Lëtzebuerger Entreprise SES kënnt net laanscht dëse Wandel.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen