Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Synthesis - Dear Dear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Google: PAG-Prozedur lancéiert

Datenzenter

Google: PAG-Prozedur lancéiert

De Gemengerot zu Bissen wëllt nach am November iwwer d'Ëmklasséierung vum Terrain, op deem Google sech wëll nidderloossen ofstëmmen. Dat seet de Buergermeeschter vu Bissen, de Jos Schummer, op Nofro hin. Domader wier déi éischt wichteg Conditioun fir d'Realisatioun vum Projet Google Data Center zu Biissen erfëllt.

auto_stories

2 min

An engem éischte Vott soll de Biisser Gemengerot also nach dëst Joer iwwer d'Modifiatioun ponctuelle vum PAG ofstëmmen. Deemno wieren déi grouss technesch Froen, wat d'Implantatioun vum Google Data Center zu Biissen ugeet, gekläert, esou de Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen.

Nodeems all d'Ëmweltstudien ofgeschloss goufen, wësse mir jo wéi den Terrain ausgesäit." An der nächster Etapp misst elo den Terrain "fir deen doten Zweck ëmklasséiert ginn". Dat wier d'Ausgangspositioun, esou de Jos Schummer. Wann den Terrain, aus verschiddene Grënn, net kéint ëmklasséiert ginn, da kéint Google net op Biissen kommen. "Den Terrain muss klasséiert sinn. Dat heescht, e muss fräi sinn, datt si kënnen drop plangen, wat wouhinner stoe kënnt etc ..."

Schrëftlech Reklamatioune méiglech

Duerno hunn d'Bierger ee Mount laang Abléck an den Dossier. Si kënnen och schrëftlech reklaméieren. An enger nächster Etapp muss de Schäfferot déi eenzel Reklamatiounen analyséieren, éier et dann zum zweete Vott am Gemengerot kënnt, esou de Jos Schummer. Virdrun - Mëtt Oktober - sollen d'Bierger awer nach op enger Versammlung informéiert ginn.

Den Awunner soll erkläert ginn, wat genee elo weider geschéie wäert, wat fir een Afloss dëse Projet op d'Awunner wäert hunn. "Et ass jo net, wéi wa mir eppes wéilte verstoppen", sou de Jos Schummer.

Méiglech Léisunge fir Killwaasserzoufuer fonnt

Eng vun den anere grousse Froen, déi de Projet Google Data-Center zu Biissen opwerft, schéngt um gudde Wee ze sinn, eng Äntwert ze fannen. Et geet ëm d'Fro, mat wéi engem Waasser d'Anlag soll gekillt ginn. 100,7-Informatiounen no wiere Google an d'Ëmwelt-Autoritéite sech informell eens ginn, d'Pist vum Waasser aus der Uelzecht weider ze exploréieren an net op Drénkwaasser zeréckzegräifen. Datt een net wéilt op Drénkwaasser zeréckgéifen, confirméiert de Biisser Buergermeeschter.

Déi Gemengeresponsabel hätten ëmmer gesot, datt de Projet net dierft op Käschte vun der Ëmwelt goen. "Ech gesinn do d'Enn vum Tunnel. Et kéint ee souguer Ofwaasser aus enger Kläranlag huelen", sou de Jos Schummer.

Den Internetris Google hat d'lescht Joer Interessi gewise fir en Datenzenter an der Gemeng Biissen ze bauen. Enn Dezember hat Google déi 33 Hektar Land um Rouscht kaaft.


De Panorama-Bäitrag vum Maxi Pesch:

Lauschterenplay_arrow