Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Google plangt gréissten Datacenter zu Lëtzebuerg

Wirtschaft

Google plangt gréissten Datacenter zu Lëtzebuerg

Eisen Informatiounen no plangt den US-Internetkonzern een Investissement vu ronn enger Milliard Euro. Op engem Terrain vun ëm déi 25 Hektar géif dee wäitaus gréissten Datacenter am Land entstoen.

auto_stories

2 min

(Foto: © Bigstock / Photogearch)

Eisen Informatiounen no wëll den US-Internetkonzern Google zu Lëtzebuerg een Datacenter bauen. Geplangt ass een Investissement vu ronn enger Milliard Euro. Op engem Terrain vun ëm déi 25 Hektar géif dee wäitaus gréissten Datacenter am Land entstoen. Google wëll dës Infrastruktur fir den eegene Bedarf exploitéieren. Bis Enn Juli soll de Projet an dréchenen Dicher sinn.

Datt Google ee gréisseren Investissement zu Lëtzebuerg plangt, hat de Wirtschaftsminister schonn zejoert via Twitter ugekënnegt.

Standuertvirdeeler

Op Nofro hi confirméiert den Etienne Schneider elo, datt et sech bei dësem Projet ëm een Datacenter soll handelen. Lëtzebuerg wier een interessante Standuert fir Google. Engersäits wéinst der gudder Infrastruktur fir d'Informatiounstechnologien. A wéinst den niddrege Stroumpräisser fir Industriebetriber, als deen een Datacenter agestuuft gëtt.

Weider Detailer wollt de Minister net kommentéieren.

De 4. Juli hat den Etienne Schneider am 100,7-Interview gesot, et wier een "an Diskussioune mat Google", mä hei missten nach "Terrainsfroe" gekläert ginn:

Etienne Schneider - Googleplay_arrow