De Bart Dhondt setzt ganz zefridden a sengem Büro um 6. Stack am imposanten neie Centre administratif "Brucity", vun deem een den Zentrum vu Bréissel ganz gutt am Bléck huet.
27 Prozent manner Autoen a 36 Prozent méi Vëloen am Verglach mat zejoert
"La vitesse des changements nous a surpris", sou de 39 Joer ale Politiker vun de flamännesche Gréngen. Changementer, déi sech gewisen hunn, nodeems op 70 verschiddene Plazen, op Kräizungen, op der sougenannter "Petite ceinture" ronderëm de Stadkär, an och bannent dem Pentagon gezielt gouf. Resultat: 27 Prozent manner Autoen a 36 Prozent méi Vëloen.
Virun allem d'Hausse vun de Vëloen huet d'Erwaardungen iwwertraff.
"D'année en année, on voit des augmentations significatives, mais ici avec le plan a pu donner un boost en plus pour ce chiffre-modèle. La vision de la ville et de la région, c'est d'utiliser la mobilité comme un levier pour faire changer la façon dont on se déplace dans la ville."
"Good Move" ass net onëmstridden
Dat war net onëmstridden. "Ça va secouer" sot zejoert de Buergermeeschter Philippe Close, wéi de Plang agefouert gouf. Nei Sens-uniquen, plazeweis Bornen, déi den Accès limitéieren: mam Auto an d'Stad fuere manner attraktiv ze maache gefällt net jidderengem.
Kritik kënnt nach ëmmer vu Geschäftsleit. Den Olivier Willockx, Direkter vun der Bréisseler Chambre de Commerce, schwätzt vu Perten a vun engem "Exode d'activité".
Et wier schwéier ze evaluéieren, wéi genee sech d'Ännerungen an zum Beispill d'Aféiere vu grousse Foussgängerzone wéi um Boulevard Anspach op d'Geschäfter ausgewierkt hunn, sou de Bart Dhondt.
"Il y a beaucoup de choses qui se sont passées entre 2015 et maintenant. On a eu le covid, les crises du pouvoir d'achat, de l'énergie. Donc c'est très difficile de dire: c'est quoi l'impacte du piétonnier. On constate quand même que la ville de Bruxelles attire de plus en plus d'habitants et d'entreprises. Le nombre de personnes qui viennent habiter ici, ne cesse d'augmenter. L'année passée, c'était un plus 6.000, sur 10 ans on a une augmentation d'une dizaine de milliers de personnes. Et c'est la même chose au niveau des entreprises."
De Bart Dhondt nennt zum Beispill d'BNP Paris Bas, déi hire Siège direkt bei der Gare Centrale installéiert huet. Fir de grénge Politiker steet fest, datt d'Stad op deem Wee virufuere muss.
Detailléiert Analys am Hierscht
Hie verweist och drop, datt an der Regioun Bréissel just nach d'Hallschent vun de Stéit een Auto hunn. Am Stadzentrum ass et just nach een Drëttel.
Eng méi detailléiert Analys iwwer d'Auswierkunge vum Plang op d'Loftqualitéit an d'Verkéierssécherheet ass den Ament nach am Gaangen. Mat deene Resultater ass am Hierscht ze rechnen, sou de Mobilitéits-Schäffen.