D'Vergaangenheet hätt gewisen, datt et och ouni Glyphosat geet, seet d'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber. Dofir fuerdert si d'Baueren dozou op, nom Urteel vum Verwaltungsgeriicht fräiwëlleg op den Asaz vu Glyphosat ze verzichten.
"Et geet anescht. Dat Urteel soll wann ech gelift un der Lëtzebuerger Praxis näischt änneren. Stellt Qualitéitsproduiten hier, ouni Glyphosat."
Ee chronesche Pestizidproblem
Glyphosat wier iwwerdeems nëmmen ee vu ville problematesche Pestiziden, déi gebraucht ginn, ënnersträicht d'Blanche Weber. De Mouvement Ecologique hätt eng Rei Analyse gemaach, déi gewisen hätten, datt op ville Plazen esou guer den Hausstëbs vu Pestizide belaascht wier. Deemno hätt een zu Lëtzebuerg ee chronesche Pestizidproblem.
E klore Message un d'Politik wier ze soen, datt een net just den Asaz vu Glyphosat verbitt, mee allgemeng aus de Pestiziden eraus klëmmt. An dem Fall misste Berodunge fir Baueren ugebuede ginn, Subsiden ausgebaut an Alternativen opgewise ginn.
Méi Ënnerstëtzung fir de Biosecteur
Déi beschten Alternative wieren nach ëmmer d'Bio-Produiten. De Mouvement fuerdert dofir vun der Politik méi Ënnerstëtzung fir de Biosecteur an Hëllef fir d'Bio-Baueren, fir fräiwëlleg op den Asaz vu Pestiziden ze verzichten.
Greenpeace appelléiert sengersäits un d'Regierung, all juristesch Méiglechkeeten ze notzen, datt d'Planzeschutzmëttel Glyphosat weiderhin hei am Land verbuede bleift. Et géif, laut Greenpeace nach vill ongekläert juristesch Froen iwwert d'Auswierkunge vu Glyphosat op d'Gesondheet an d'Biodiversitéit. Aus Precautioun sollt de Verbuet an hiren Aen deemno bestoe bleiwen.
D'Landwirtschaft hätt aner Problemer
De President vun der Bauerenzentral Christian Wester gesäit dat anescht. Et géif weisen, datt een net esou mat den Zouloossunge vu Sprëtzmëttel hin an hier sprange kéint. Ausserdeem géifen d'Bauere mat Verantwortung vu Glyphosat Gebrauch maachen. Vill Betriber hätten och scho fräiwëlleg drop verzicht. De Christian Wester erkläert, datt d'Landwirtschaft den Ament aner Problemer hätt ewéi de Verbuet vu Glyphosat.
"Ech mengen de Produit ass vu villen Instanze getest, et ass ee vun deenen am beschten erfuerschte Wierkstoffer."
De Christian Wester géif et aus Siicht vun der Landwirtschaft begréissen, wann een och an Zukunft kéint op Planzeschutzmëttel mam Wierkstoff Glyphosat zréckgräifen.