Radioen

On air

Notturno  |  Airship 81, Them Lights - Mysterious Lights (Airship81 Rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glyphosat: EU-Kommissioun wëll Mëtt September Propose maachen

ËMSTRIDDENEN HERBIZID

Glyphosat: EU-Kommissioun wëll Mëtt September Propose maachen

D'Decisioun iwwer eng weider Autorisatioun vu Glyphosat op EU-Niveau kéint am Oktober falen. Déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) huet Detailer iwwer hir Etüd publizéiert. Doranner confirméiert si hir virleefeg Conclusioun, déi am Juli gemaach gouf a seet, datt hir Analys keng generell Bedenke par Rapport zu Glyphosat zouléisst.

auto_stories

2 min

D’Autorisatioun vum Glyphosat an der EU leeft de 15. Dezember aus. (Foto: Archiv / Sven Simon)

Lauschterenplay_arrow


Den Direkter vun der EFSA, de Bernhard Url, huet d'Resultater e Mëttwoch an der Agrar-Kommissioun vum Europaparlament presentéiert.

"Eis Peer-Review iwwer den Impakt vu Glyphosat op d'Gesondheet vu Mënschen an Déieren huet keng kritesch problematesch Beräicher gewisen."

Dat heescht awer net, datt dëser wëssenschaftlecher Analys no guer keng Problemer beim Asaz vu Glyphosat bestinn. Dobäi kënnt, dat huet den Expert zouginn, datt et trotz de puer Dausend Säiten Etüd eng ganz Partie Lücke bei de gesammelten Donnéeë gëtt.

Europadeputéiert verweisen op de Prinzip vun der Precautioun

Alles dat huet eng ganz Partie Europadeputéiert net iwwerzeegt, wéi de franséische Sozialist Christophe Clergeau.

"La réalité, c'est qu'on devrait appliquer le principe de précaution et que l'EFSA devrait dire qu'on est dans un cas de figure où il existe un risque de dommage grave et irréversible pour la santé et l'environnement, même s'il n'y a pas de preuve scientifique faute de données."

Den Haaptproblem vun der EFSA-Analsy besteet an der Definitioun vum Risiko, seet d'Tilly Metz vun deene Gréngen.

"Et gi Fäll, fir déi d'EFSA erausfonnt huet, dat een héije Risiko do ass. Mee well et eben Usagë vum Glyphosat gëtt, fir déi Etüde soen, datt se net geféierlech sinn, kënne si keng generell Conclusioun zéien, déi seet, Glyphosat ass generell geféierlech."

Definitiv Decisioun Mëtt Oktober

Déi gréng Europadeputéiert fäert, datt déi Bedenken, déi fir Mammendéieren ëmmerhi bei enger Partie Laangzäit-Asätz dokumentéiert goufen, dono ënnerginn, a Glyphosat vun der EU trotzdeem gréng Luucht kritt.

D'Expertin vun der EU-Kommissioun, d'Almut Bitterhof, awer versprécht, datt de Bedenke Rechnung gedroe gëtt.

"Mir wäerten eis dat genee ukucken a mir musse mat de Memberlänner driwwer diskutéieren, wéi dat soll berécksiichtegt ginn."

D'Europäesch Kommissioun wëll de Länner de 15. September hir Propose fir een neit Reglement presentéieren. Op der Reunioun, den 12. an 13. Oktober, soll dann eng endgülteg Decisioun falen.

D'Autorisatioun vum Glyphosat an der EU leeft de 15. Dezember aus.