Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glyphosat: "D'Kaz bäisst sech an de Schwanz"

Landwirtschaft

Glyphosat: "D'Kaz bäisst sech an de Schwanz"

D'Landwirtschaft geet dovunner aus, datt mëttelfristeg de Glyphosat an der EU verbuede gëtt. De Landwirtschaftssecteur erwaart sech méi Ënnerstëtzung fir d'Zäit duerno, seet de Guy Feyder, Bauer a Comitésmember vun der Bauerenzentral. Den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg gëtt him Recht. De Raymond Aendekerk fuerdert d'Politik op fir e séieren Ausstig aus dem Herbizid.

auto_stories

3 min

Am Dezember leeft d'Zouloossung fir Glyphosat aus. Eng Expertekommissioun mat Vertrieder vun de Memberstaaten soll virdrun iwwert eng Neizouloossung oder Verlängerung decidéieren. An der Diskussioun steet en Zäitraum vu fënnef bis siwe Joer. Frankräich wëllt net iwwert dräi Joer eraus goen. Lëtzebuerg huet nach keng Positioun dozou. An de nächsten zwou Woche wëllt d'Regierung eng Decisioun huelen.

"Mam Glyphosat ass et einfach"

Glyphosat gëtt an der konventioneller Landwirtschaft agesat, a steet am Verdacht kriibserreegend ze sinn. Et wier net wouer, datt d'Landwirtschaft systematesch a massiv op de Glyphosat géif zréckgräifen. Just den Akerbau wier betraff, ënnersträicht de Guy Feyder. Den Asaz vu Glyphosat hätt zougeholl, well an der Buedembeaarbechtung an de vergaangene Jore Wäert drop geluecht gouf fir Buedemaktivitéit esou mann wéi méiglech ze stéieren, andeems de Buedem manner beschafft gëtt. "Wann een de Buedem méi beschafft, wéi bei der villfälteger Fruchtfolleg, da wiisst d'Onkraut an da bräicht een e Mëttel fir d'Onkraut meeschter ze ginn. Soss kann ee keng Kultur héich kréien", seet de Guy Feyder. "Mam Glyphosat ass dat einfach."

"De Bauer brauch net Roundup fir en effizienten a rentabele Betrib ze hunn", seet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, Raymond Aendekerk. De Glyphosat wier just een Element vun der agroindustrieller Entwécklung. Alternativen zum Glyphosat géifen net genuch erfuerscht ginn. Just ee Prozent vun de Mëttele fir d'Fuerschung an der Landwirtschaft géif an d'Biolandwirtschaft fléissen an 99 Prozent an déi konventionell.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass Glyphosat wahrscheinlech kriibserreegend. Den Herbizid hätt och enorm Konsequenzen op d'Biodiversitéit, seet de Raymond Aendekerk. Well et zu Lëtzebuerg e gudde Mix vun Déierenhaltung an Akerbau géif ginn, wier et ouni Weideres méiglech fir duerch eng villfälteg Fruchtfolleg, bannent kierzester Zäit, de "Roundup" komplett ze ersetzen.

E Choix vun der Gesellschaft

"Wann d'Produiten déi d'Bauere produzéiere keng Valeur méi hunn an net vum Marché honoréiert ginn, da kann ee sech net deier Produktiounsmethode leeschten." Wann een déi villfälteg Fruchtfolleg bedreift, da misst een akzeptéieren, datt ee Kulture mécht wou een e Joer vläicht näischt drop verdéngt oder esouguer nach Suen drop leet. D'Gesellschaft misst dann och bereet si méi fir hir Liewensmëttel ze bezuelen, seet de Guy Feyder.

De Guy Feyder kritiséiert, datt d'Diskussioun ëm d'Zukunft vum Glyphosat immens emotional gefouert géif ginn. Dem Raymond Aendekerk no hätt dat och domadder ze dinn, datt europäesch Agencë wéi d'EFSA d'Vertraue verluer hätten. Déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet hat an engem Rapport iwwer Glyphosat Passagen aus engem Dokument vum Herbizid-Produzent "Monsanto" ofgeschriwwen.

E Phasing-out

Greenpeace ass géint eng Verlängerung vun der Zouloossung vum Herbizid, a fuerdert, datt d'Europa elo schonn en Ausstig decidéiert. An der Landwirtschaft geet een dovunner aus, datt mëttelfristeg de Glyphosat an der EU verbuede gëtt, seet de Guy Feyder. De Bauer a Comitésmember vun der Bauerenzentral a Landwirtschaftskammer, erwaart sech vun der Politik méi Ënnerstëtzung fir, datt d'Baueren Alternativen zum ëmstriddenen Herbizid fannen. D'Politik wéisst net ëmmer, wat um Terrain géif geschéien. Dem Secteur géif net genuch nogelauschtert ginn.