Op der Fréijoerskonferenz vum FMI an der Weltbank zu Washington gouf op de Risiko vun enger Fragmentéierung vun der Ekonomie higewisen, dat heescht datt den Handel sech bannent de Regiounen oder dem Bloc vun Alliéierte Länner konzentréiert.
Dat kéint, jee no Situatioun zu engem Réckgang vum PIB tëscht 0,2 a siwe Prozent féieren, hat d'Kristalina Georgieva, d'Cheffin vum FMI zu Washington erkläert. Ee weidere Problem bleift d'Inflatioun grad ewéi d'Scholdelaascht déi fir 60 Länner op der Welt extreem héich ass. Déi geopolitesch Situatioun ëm den Ukrainkrich si weider Facteuren déi fir éischter düster Perspektive suergen.
Ekonomien an der EU an EURO Zone si resilient bliwwen
D'Ekonomien an der EU an an der EURO Zone wieren awer resilient bliwwen, et kënnt net wéi gefaart zu enger Rezessioun, betount d'Finanzministerin Yuriko Backes.
Dës Woch hëlt de Regierungsrot de Programme de stabilité et de croissance ënnert d'Lupp, an déi nächste Woch presentéiert d'Finanzministerin Yuriko Backes deen an der Chamber. Do géifen et trotz den Turbulenzen um internationale Plang keng gréisser negativ Tendenze ginn, de statec géif vun enger Croissance ausgoen.
An no den Turbulenzen ëm d'Schwäizer Bank Crédit Suisse, wier et net zu Panik op de Mäert komm, d'EU-Reeglementéierung hätt do gehollef, ënnersträicht d'Yuriko Backes.
Och d'Schwäiz hätt direkt reagéiert, fir Garantien unzebidde bei der Iwwernam duerch d'UBS mam Zil een Zesummebroch vun den Crédit Suisse Activitéiten ze verhënneren.