D'Karine Reuter brécht eng Lanz fir den Dammefussball. Viru kuerzem huet si sech an engem laange Bréif un de Sportminister Dan Kersch an un d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding iwwer verschidden Diskriminatioune beschwéiert.
Am Schreiwes geet et ëm Infrastrukturen, ëm Spilldeeg, déi kalennertechnesch net ofgestëmmt sinn, ëm Remuneratiounen an och ëm d'Disponibilitéit vun Arbitteren.
Inacceptabel Konditiounen
"Rose maache mech engersäits d'Infrastrukturen, déi mir bei eis am Club hunn" seet d'Karine Reuter. Gemengt ass de Stater Racing. Um Terrain ginn et zum Beispill keng Toilettë fir Dammen. Si hätt der Gemeng Lëtzebuerg schonn e puermol geschriwwen, mee ni eng Äntwert kritt: "Et ass wuel keen Interessen do".
En zweete Punkt, deen der Karine Reuter besonnesch sauer opstéisst, ass dee vun den Arbitter. Si iergert sech, dass Härenequippen, esou guer an ënneschten Divisioune mat dräi Arbitter spillen. D'Dammen - esouguer an der éischter Ligue - hunn nëmmen een zur Verfügung. "Dobäi si genuch Arbitter do, et ass just eng Saach vun der Verdeelung", explizéiert d'Karine Reuter.
"Mir wëllen einfach unerkannt ginn: den Dammefussball soll gläichberechtegt zu de Männer sinn an ënner de selwechte Konditioune kënne spillen", fuerdert d'Karine Reuter.
Bis elo huet si iwweregens nach keng Äntwert op hire Bréif kritt.