Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  White Town - Your Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn et Medikamenter géint Covid-Infektiounen?

Coronavirus

Ginn et Medikamenter géint Covid-Infektiounen?

D'Behandlung vu Mënsche mat engem schwéiere Covid-19-Krankheetsverlaf ass eng Erausfuerderung. Zanter dem Ufank vun der Pandemie gi souwuel Medikamenter, déi et scho gëtt, wéi och neier getest. Bis ewell ginn et awer wéineg konkret Pisten.

auto_stories

3 min

Bis genuch Corona-Vaccin do ass fir all d'Risikogruppen ze impfen, wäert et nach e puer Méint daueren.

Corticoiden drécken Taux de Mortalité erof

Deemno wier et och wichteg Medikamenter ze hunn, fir e schwéiere Verlaf vun der Covid-19-Infektioun ze verhënneren oder ze behandelen, erkläert den Dokter Jean Reuter.

Hie schafft op der Intensivstatioun am Centre Hospitalier an ass Co-Coordinateur vun der europäescher Discovery-Etüd zu Lëtzebuerg, déi verschidde Medikamenter test. Bis ewell hätt just den Traitement mat Corticoide Beneficer gewisen.

D'Corticoide géifen den Taux de Mortalité bei Patiente mat schwéierem Verlaf staark erofdrécken, erkläert den Dokter Nathan Peiffer-Smadja, Infektiolog am Hôpital Bichat a Member vum europäesche Comité vun der Discovery-Etüd.

Si géifen zum Asaz kommen, wann de Patient scho mat Sauerstoff versuergt gëtt. De Recht vun den Traitementer géif nach evaluéiert ginn, mee et wier "probabel, datt déi Traitementer net effikass sinn."

Vitaminn D wier keng Wonnerléisung

Eng weider Piste iwwer déi zanter Wochen an de Medie geschwat gëtt ass de Vitaminn D.

D'lescht Woch hunn 73 Dokteren a 6 Doktesch-Associatiounen a Frankräich appelléiert der franséischer Populatioun Vitaminn D ze ginn, fir preventiv géint schlëmm Verleef vun der Covid-19-Infektioun virzegoen. Fir den Nathan Peiffer-Smadja ass allerdéngs och Vitaminn D keng Wonnerléisung.

"Zanter dem Ufank vun der Pandemie kënnt all Mount eng nei 'Wonnermoleküll'. An all Kéiers huet et net funktionéiert, wéi zum Beispill beim Hydroxychloroquine. Bei der Vitaminn D gëtt et Resultater, datt Leit, déi net genuch Vitaminn D hunn, e méi schwéiere Krankheetsverlaf hunn. Mee zur gläicher Zäit sinn déi Leit déi e Manktem u Vitaminn D hunn och normalerweis méi al, manner autonom sinn an aner chronesch Krankheeten hunn."

Antikierper: An der EU nach net unerkannt

Ee Medikament, wat an de leschten Deeg fir Hoffnung gesuergt huet, sinn déi Monoklonal-Antikierper. Däitschland huet dës Woch 200.000 Dose kaft, fir Risiko-Patiente mat liichte Symptomer ze behandelen.

An der EU ass dës nei Behandlungsmethod bis elo net zougelooss, an och d'Spezialiste sinn nach skeptesch, esou den Dokter Jean Reuter.

"Do sinn awer den Ament och éischt Etüden nach negativ. Mee et gëtt weider dru geschafft. Den Ament ass d'Pharmaindustrie interesséiert, déi Monoklonal-Antikierper an engem fréien Stadium vun der Krankheet anzesetzen."

An den USA ass den Asaz vun dëser Therapie schonn zougelooss. Wéini ee konkret effikasst Medikament op de Marché kennt, wier schwéier viraus ze soen, erkläert de Réanimateur. Fir vill Krankheeten, wéi zum Beispill d'Gripp, géif et bis haut nach kee Medikament ginn.

Dobäi kéim, datt d'Krankheetsphasen eng Roll spillen. Een Traitement anti-viral, wou de Virus direkt bekämpft gëtt, wier warscheinlech just um Ufank vun der Krankheet sënnvoll, esou de Jean Reuter. Wann d'Immunsystem an enger zweeter Phas duerchdréit an iwwerreagéiert bräicht een éischter Traitementer, déi och direkt an d'Immunsystem agräifen.

An den nächsten Deeg soll d'Discovery-Etüd nei Resultater publizéieren iwwer d'Effikassitéit vun de geteste Medikamenter.