Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: De Risiko vu Prozedurfeeler ass grouss

Affär Dieschbourg/Traversini

Gilles Roth: De Risiko vu Prozedurfeeler ass grouss

Datt de Verfassungsexpert Luc Heuschling e Méindeg der Presidentekonferenz an dem Chamber-Büro op Demande vun der grénger Fraktioun Ried an Äntwert wäert stoen, wier "e bësse Moutarde après dîner", stellt den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth fest. Domat géif an der Affär Gaardenhaischen-Carole Dieschbourg e Schrack zréck gemaach ginn, mat alle Prozedur-Risiken. Wann den Dossier zeréck un de Parquet géif goen, mam Motiv, datt d'Chamber net zoustänneg wier, da kéint no Meenung vum Gilles Roth eng Verletzung vum Untersuchungs-Geheimnis opgeworf ginn, well déi 60 Chamber-Deputéierten Accès zum Dossier iwwert d'Virenquête an der Affär haten.

auto_stories

2 min

Den Expert Luc Heuschling hätt misste gehéiert ginn, éier virun e puer Wochen all d'Deputéierten Zougank zu dësem Dossier kritt hunn, seet de Gilles Roth.

"Iwwregens wëll ech ganz kloer soen, dass séier d'Deputéierten Accès zum Dossier kruten, een avis juridique vun dem Service vun der Chamber gemaach gouf, an deen och deemools esou ëmgesat gouf, vu sämtleche Membere vum Chamberbüro an der Presidentekonferenz. An dofir fannen ech dat do keng gutt Léisung."

Déi gréng Fraktioun hat proposéiert, datt de Luc Heuschling soll gehéiert ginn, grad wéi eventuell weider Experten. Hien hätt d'Impressioun, datt am dësem Dossier géif op Zäit gespillt ginn an d'CSV wéilt och net, datt iwwer Prozedur-Tricke probéiert gëtt, den Dossier "am Sand z'erstécken", dat géif enger Demokratie net gutt zu Gesiicht stoen, sou de Gilles Roth.

Gilles Roth: Deputéiert mussen d'Verfassung applizéieren

Déi fréier Ministerin Carole Dieschbourg soll déi selwecht Rechter wéi all anere Bierger an engem moderne Rechtsstaat hunn, huet hiren Affekot François Prum am 100,7-Interview verlaangt: dowéinst soll de Parquet den Dossier iwwerhuelen, esou seng Fuerderung. Deelt de Gilles Roth dës Aschätzung?

"Et ass net hei, ob een eng Aschätzung deelt oder net deelt. D'Chamber huet den Dossier kritt, vun der Procureure Générale gemäss enger Prozedur, nämlech den Artikelen 82 an 116 aus eiser Verfassung. Och wann déi Verfassung al ass, muss se awer esou vun den Deputéierten applizéiert ginn."

D'Carole Dieschbourg war den 22. Abrëll als Ministerin zeréck getrueden, nodeem de Parquet den Dag virdrun den Dossier an der Affär Gaardenhaischen un d'Chamber geschéckt hat.

Yves Cruchten: Et ass net d'Zil eppes ze verschleefen

An den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten ass iwwregens der Meenung, datt et am Interesse vu kengem wier, dës Affär an d'Längt ze zéien: kee wéilt eppes verschleefen. Et wier "net verkéiert" den Expert Luc Heuschling e Méindeg ze héieren. An den Deeg duerno soll eng "raisonéiert Decisioun" vun der Chamber geholl ginn, wéi et an dëser Affär viru geet. D'Chamber dierft sech keng Feeler erlaben, esou nach de Fraktiounschef vun der LSAP.