Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Feith: Luxair mécht fir 2021 eng manner grouss Perte

Aviatioun

Gilles Feith: Luxair mécht fir 2021 eng manner grouss Perte

No knapp 155 Milliounen Euro Defizit am Joer 2020 wäert d'Luxair den Exercice 2021 mat enger Perte vu just nach 20 bis 30 Milliounen am operationelle Geschäft ofschléissen, sou de Luxair-Generaldirekter. De Gilles Feith huet preziséiert, dass dee Minus warscheinlech komplett géif kënne gedeckt gi mat der Dividend vun der Cargolux, bei där d'Luxair jo Aktionär ass.

auto_stories

3 min

De Gilles Feith ass Generaldirekter vun der Luxair

Dat - den aktuellen Ëmstänn no - éischter erfreelecht Resultat wier op déi grouss Flexibilitéit vun der Gesellschaft an hire Mataarbechter zeréckzeféieren, sou de Gilles Feith.

Hie streit net of, datt eng kleng Airline et an deem schwierege Kontext och méi liicht huet wéi grouss Gesellschaften et hunn: et misst een net déi selwecht Capacitéit fëlle wéi eng grouss Airline mat engem grousse Fliger. Doduerch géifen et manner Risike fir d'Luxair ginn - och op Strecken, "wou mer dann och en Experiment maachen".

"Mir probéieren net à perte ze fléien, also ouni eis Coûts variables ze decken. An der Moyenne hu mer dat bis elo och ëmmer hikritt, mee et sinn awer eenzel Strecken, wou dat awer elo net méi de Fall ass."

Dofir ginn och ëmmer erëm Strecke gestrach, an et kommen anerer bäi. No 16 neien Destinatiounen zejoert, flitt d'Luxair dëst Joer aacht nei Ziler un. Dakar am Senegal ass wuel déi exoteschst dovun.

Luxair wëllt vun 2024 u seng Flott erneieren

Trotz där am Moment méi schwiereger finanzieller Situatioun an den ongewësse Previsioune plangt d'Luxair hir Fliger-Flott ab 2024 oder komplett ze erneieren - dat wier inevitabel, esou de Gilles Feith.

D'Luxair géif net nëmme wéinst der Pandemie struewelen, mee och wéinst engem Stau bei den Investissementer, esou de Generaldirekter vun der Luxair. Verschidde vun de Fligeren, mee och Material a Gebailechkeete wieren net méi up-to-date. "Mir mussen do investéieren", seet de Gilles Feith.

"Fir mech ass et wichteg, datt d'Luxair déi Capacitéit behält - an dat mécht et nach méi schwiereg - am soziale Modell vu Lëtzebuerg fir sech selwer kënnen ze finanzéiere. Dat ass mäin absolut Zil, an do gehéieren nei Fligeren dozou. Net nëmme well déi Fligere wesentlech - an do schwätze mer vun iwwer 20 Prozent - méi ëmweltfrëndlech sinn, mee och well déi eis erlaben an d'Zukunft ze kucken."

Luxair hätt nach keng eidel Fliger fléie gelooss

De Chef vun der nationaler Fluggesellschaft denoncéiert de System, deen d'Airlinë forcéiert eenzel Flich bäizebehalen, souguer wa se net rentabel sinn, just fir plazeweis hir Landerechter - déi sougenannt Slotten - net ze verléieren.

D'Luxair hätt zwar nach ni eng eidel Maschinn fléie gelooss, awer scho vill Sue wéinst där a sengen Aen onnëtzer Reegel hänke gelooss, sou de Gilles Feith. Zu Lëtzebuerg hätt een "guer kee Problem", well de Flughafen zu Lëtzebuerg net iwwer Slotte reguléiert wier.

"Mee op villen Destinatiounen, zemools op Vakanzendestinatiounen an an de Stiedt ass dat e grave Problem. Mir mussen z.B. e Moies- an en Owes-Vol halen, well mer déi Slotten an Zukunft wäerte brauchen, woubäi et mat engem Vol vläicht géif duergoen. En général hu mer hei keng Sue verluer, mee et ass ganz ganz schwéier. Ech schwätzen hei vun Honnertdausenden Euro (dat geet iwwer d'Millioun eraus), déi awer verluer ginn, fir déi Slotten ze protegéieren."