Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider déck Loft bei der Luxair

Aviatioun

Weider déck Loft bei der Luxair

Beim Luxair-Personal ass d'Stëmmung net gutt. Extreem Flexibilitéit, héich Aarbechtsbelaaschtung an dobäi e Gel vun de Salairen. Kritiséiert gëtt d'Direktioun a virun allem de Gilles Feith, deen der Personaldelegatioun no, wéineg Versteesdemech fir d'Suerge vun de Mataarbechter hätt.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Soos Jozsef

Lauschterenplay_arrow

Kënnegungen en masse, en héije Krankestand, extreem Flexibilitéit an Iwwermiddung ouni Perspektiv op Besserung, d'Gewerkschaften LCGB, OGBL an NGL hate Mëtt Juli schonn d'Alarmklack gelaut. No zwee Joer Pandemie explodéieren d'Aktivitéite bei der Luxair reegelrecht, dat geet op Käschte vum Personal, sou d'Presidentin vun der Personaldelegatioun Stephanie Olinger.

"D'Leit verstinn einfach net, datt déi Klengegkeeten déi mer gefuerdert hunn als Delegatioun oder och als Gewerkschaften, datt déi einfach net unerkannt ginn, einfach net gesi ginn."

De Generaldirekter Gilles Feith géif dem Personal awer net entgéint kommen. De Manager huet beim Personal de Ruff vun der Long op Zong ze schwätzen an zimmlech sportlech ze agéieren. Dee steet dozou, verweist awer och op déi generell Situatioun vum Grupp.

"Net un enger Persoun festmaachen"

Wann een als Externen an eng Entreprise géif kommen, déi an enger déiwer Kris stécht, misst ee sech ëm d'Probleemer këmmeren.

"An ech mengen et kann een hei net un enger Persoun dat festmaachen, mir sinn hei een Team, mir funktionéieren hei an engem Management Team, wou mer natierlech ganz vill Stress hunn, et ass kee stabele Secteur."

Al Modeller a Fro stellen

Vill Versprieche kann de Gilles Feith net maachen. D'Luxair stoung praktesch virum aus, 2021 gouf nach eng Perte am operationelle Beräich vun 30 Milliounen Euro gemaach, et gouf finanzielle Support vun der Cargolux a kee Mataarbechter huet missten entlooss ginn. Trotzdeem misst de Betrib weider changéieren, schonn eleng wéinst der Konkurrenzsituatioun. D'Luxair misst déi al Modeller a Fro stellen a sech nei opstellen, sou de Gilles Feith.

A spéitstens fënnef Joer muss d'Flott erneiert ginn. Fir d'Luxair déi nächst Erausfuerderung, dee mat héijen Investissementer verbonnen ass.