Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wolf Parade - You're Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewosst, datt de Budget net duergeet

Luxeosys

Gewosst, datt de Budget net duergeet

Luxeosys heescht de Satellitteprojet fir Äerdobservatioun, deen den Etienne Schneider als Verteidegungsminister séier virun de leschte Walen duerch d'Chamber bruecht hat. E sollt 170 Milliounen Euro kaschten, de Bau vum Ekipement an de Fonctionement fir zéng Joer mat agerechent, gouf der Chamber beim Vott am Juli 2018 gesot. Dat wier e Maximum, gouf deemools betount.

De Projet gëtt awer op d'mannst duebel esou deier. Fir erauszefannen, ob der Chamber deemools bewosst Informatioune virenthale goufen, hätt se hir eege Moyenen, seet de haitege Verteidegungsminister François Bausch, dat wier net un him ze jugéieren. Ob de Projet weidergeféiert gëtt, ass fir hien nach eng oppe Fro.

auto_stories

6 min

D'Viraussetzung fir de Projet weiderzefeiere wier, datt bis de Summer e kloert Konzept virläit, woufir de Satellit soll agesat ginn, esou de François Bausch. Dovun hänkt och of, wéi d'Aarbechte fir den Zesummebau um Satellit weiderginn.

De ganzen Interview mam François Bausch lauschterenplay_arrow

De Verteidegungsminister betount, datt hien net géif mat engem Projet weiderfueren, wa bis de Summer net gewosst wier, wat den Design wier, wat een domadder kéint maachen, a wien d'Abnehmer wieren. "Well da soen ech mer, da gi mer herno vill Suen zousätzlech aus fir eppes, wat herno awer warscheinlech en Echec gëtt."

Projet gëtt net mordicus weidergemaach

Hien huet zwar schonn e Projet de loi fir eng Budgetsrallonge vun 180 Milliounen Euro deposéiert, mee dat wier eng Precautioun fir keng Problemer mat de Comptabilitéitsreegele vum Staat ze kréien. "D'Gesetz ass just gemaach, fir datt mer net herno legal a Schwieregkeete geroden, wa mer d'Decisioun huele fir weiderzefueren."

De François Bausch wëllt de Projet vum Äerdobservatiounssatellit net moridus duerchbréngen. Foto: Archiv

Wann d'Gesetz net gestëmmt géif ginn an d'Deputéiert net iwwerzeegt wieren, da wier een an enger Situatioun, wou een de Projet net kéint weiderféieren. "An ech sinn net um Punkt fir ze soen, mir maachen dee Projet mordicus weider."

Onkloer, ob Attributioun legal war

Och wann de Projet gestoppt gëtt, musse ronn 170 Milliounen Euro bezuelt ginn. Dat huet eng juristesch Analys vun de Kontrakter erginn, déi mam Konstrukteur vum Satellit, der Firma OHB-I ënnerschriwwe goufen. D'Resultat aus dëser Analys wier "leider ganz schlecht", seet de François Bausch. "Dat heescht, mir kommen do net eraus aus de Kontrakter, ausser mat ganz héije Penalitéiten."

Den deemoolege Wirtschafts- a Verteidegungsminister hat de Projet de loi virun de Chamberwalen 2018 duerch d'Parlament bruecht. Foto: Archiv

Et wier net gepréift ginn, ob d'Attributioun vum Marché legal gewiescht wier. 2016 hat den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider dee Projet un OHB-I an hire Soustraitant fir d'Antennen, d'Firma Hitec, erugedroen. Dat wier awer eng Fro, déi "berechtegt" wier ze stellen, ënnersträicht de François Bausch.

Deputéiert hu Moyenen, fir dat ze iwwerpréiwen

Ëmsou méi, well ee vun den zwee Konkurrenten, déi zu engem spéideren Zäitpunkt fir Offere gefrot gi waren, wollt Recours maache, d'Prozedur also an Zweiwel gezunn hätt. Fir dat ze préiwe géifen et Institutioune ginn, déi dat maache kënnen, seet de François Bausch.

"Ech mengen, et géif net gutt ausgesinn, wann d'Regierung dat selwer analyséiert. Dat sollen Onofhängeger maachen, déi dofir do sinn. Dat ass net um Minister fir dat ze maachen, mee dat mussen d'Deputéiert selwer decidéieren, wat si do wëlle maachen."

Et géifen heivir awer Méiglechkeete ginn, an de François Bausch geet dovunner aus, datt d'Deputéiert dat och géife selwer erausfannen.

Hien hätt op jiddwer Fall wëlles, et elo anescht ze maachen, "iwwerall do, wou mer elo weiderfuere mam Projet, wou et nach keng Kontrakter ginn, wou et nach keng Engagementer gëtt, do wäert ech ausschreiwen", esou de Verteidegungsminister.

Käschten hunn am Projet de loi gefeelt

Dat ass ënner anerem déi ganz Exploitatioun, déi am Kontrakt mat OHB-I, deen zwou Woche virun de Walen 2018 ënnerschriwwe gouf, net dran ass. Do si fir ronn 170 Milliounen Euro just de Bau vum Satellit an en Deel vum Buedemekipement - d'Antenne vun Hitec - dran.

Am Finanzéierungsgesetz, dat zwee Méint virdru gestëmmt gouf, stoung ganz kloer de Budget vun 170 Milliounen Euro géif och d'Exploitatioun iwwer zéng Joer decken. Beim Vott an der Chamber de 24. Juli sot den Etienne Schneider deemools net de Contraire, et gouf keen Indice, datt déi Montanten net géifen duergoen.

Dobäi waren déi final Offere vun de Entreprisen, wéi d'Direction de la défense elo confirméiert, den 18. Juli dobannen. Datt OHB-I dee ganze Budget komplett fir d'Konstruktioun géif verbrauchen, war der Direction de la défense souguer schonn am Mee bekannt. Esou steet et am Rapport vu PWC, deen de François Bausch wéinst de Problemer maache gelooss huet, deen d'Budgetskontrollkommissioun ausgedeelt krut an aus deem de radio 100,7 d'lescht Woch exklusiv zitéiert huet.

De François Bausch confirméiert och, datt d'Konkurrenzofferen nach vill méi deier waren, wéi déi vun OHB-I, "et war vill driwwer", seet hien.

"Dat muss den Etienne Schneider erklären"

Gouf der Chamber dat bewosst net gesot, oder ass et méiglech, datt de Minister dat net wosst?

"Dat muss dee Minister erklären, deen deemools de Projet gemaach huet. Ech hu keen Iwwerbléck, an et ass och net u mir dat ze jugéieren. D'Chamber huet jo och Moyen, wa se dat wëllt iwwerpréiwen, fir dat kënnen ze maachen. Et ass jo och de Wëllen, et ass jo och de Wonsch do bei den Deputéierten. Ech probéieren esou transparent hei ze si wéi méiglech, ech schaffen dat op, wat do deemools gelaf ass, mee ech kann Iech à ce stade net erklären, firwat dee Projet dunn awer nach virun der Summerpaus huet misse gestëmmt ginn, a firwat datt dat esou gelaf ass."

De Ministerkolleegen an der Regierung hätt den Etienne Schneider virum Vott an der Chamber och net gesot, datt d'Offere méi deier wieren, wéi am Finanzéierungsgesetz vum Projet virgesinn an och net, wéi hien de Kontrakt mat OHB-I bis ënnerschriwwen hat.


Eng Zäitschinn

  • September 2016: Hitec hëlt Kontakt mam Wirtschaftsministère op, fir d'Konzept vum Äerdobservatiounssatellit an d'Partner vun OHB virzestellen.
  • Juli 2017: d'Linges directrices vun der Défense bis 2025 gi publizéiert, wou dra steet, datt d'Défense amgaang wier, "des options en vue de s'engager dans un programme d'observation spatiale, tenant compte des compétences nationales en matière de programmes spatiaux, de traitement des données et d'interprétation d'imagerie" ze studéieren.
  • November 2017: Éischten Avant-projet fir d'Finanzéierungsgesetz gëtt geschriwwen.
  • Dezember 2017: OHB-I kritt den 1. Dezember de Kontrakt fir eng Virstudie ze maachen.
  • Januar 2018: De Projet de loi fir d'Finanzéierung fir 170 Milliounen Euro geet de 19. Januar duerch de Regierungsrot.
  • Mäerz 2018: De Projet de loi gëtt an der Chamber deposéiert.
  • Mee 2018: Der Virstudie vun OHB-I no ass kloer, datt OHB-I de ganze Budget vun 170 Milliounen Euro verbraucht, fir d'Ekipementer ze bauen.
  • Juni 2018: Zwou weider Firme gi gefrot eng preliminär Offer ofzeginn. D'Offere ginn presentéiert.
  • Juli 2018: Déi definitiv Offere vun de Firme sinn den 18. Juli dobannen. Déi zwou Alternative leien iwwer dem Budget vum 170 Milliounen. D'Offer vun OHB-I läit an deem Budget, mee couvréiert just de Bau vum Ekipement. (Source. Rapport PWC an Direction de la Défense)
  • De 24. Juli 2018 gëtt d'Finanzéierungsgesetz fir e maximale Budget vun 170 Milliounen Euro gestëmmt, deen de Bau vun all Ekipement an d'Exploitatioun dovun iwwer zéng Joer soll couvréieren. Déi zwou aner Firme kréien gesot, hir Offer wier net zeréckbehalen ginn.
  • September 2018: den 28. September gëtt de Kontrakt mat OHB-I ënnerschriwwen.