Souwuel Laboratoires Réunis wéi och BioneXt géifen ongewëss op d'Invitatioune fir hiert Personal waarden. Den Dr. Jean-Luc Dourson, Direkter vu BioneXt hätt de Ministère op d'Situatioun opmierksam gemaach, hätt awer bis ewell keng Äntwert kritt.
Den Dr. Dourson fënnt dat erstaunlech, well een dovunner ausgaangen ass, datt Professioneller aus dem Gesondheetssecteur an der Phas 1 vun der Impfcampagne dru géif kommen. Et géif een hoffen, esou séier wéi méiglech eng Invitatioun fir eng Impfung ze kréien.
Ee Risiko, sech unzestiechen
D'Personal géif all Dag mat Echantillone mam Virus schaffen oder wier fir Tester bei potentielle Covid-19-Patienten zoustänneg. Et géif deemno eng Gefor gi fir sech unzestiechen, och wann et immens strikt Sécherheetsmesurë gëtt, esou den Dr. Jean-Luc Dourson. Hien hält eng Impfung deemno wichteg fir déi néideg Protektioun ze garantéieren.
D'Laboen hätten awer net op d'Impfung gewaart, fir d'Sécherheet vun de Patienten ze garantéieren, esou de Jean-Luc Dourson. All Woch géifen alleguer d'Infirmiere getest ginn, ier si bei e Patient ginn, esou nach den Direkter vu BioneXt.
Vum Gesondheetsministère krute mir d'Äntwert, datt d'Invitatioune fir d'Labospersonal ze impfen en cours wieren.