Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheet viru Wirtschaft

Fräie Mikro

Gesondheet viru Wirtschaft

An dësen Deeg schliddert eist Land zesumme mat villen aneren an eng beispilllos Katastroph. Fir déi sanitär Lag eenegermoossen an de Grëff ze kréien, gouf entscheet, datt all Aktivitéit, ob ëffentlecher, privater oder wirtschaftlecher Natur, brutal muss zeréckgedréit ginn. Wéi laang kënne mir der Gesondheet Prioritéit loossen?, freet sech de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Datt Gesondheet méi wichteg ass wéi d'Geld, ass eng Wourecht déi jiddwerengem aliicht, dee jee bei sech oder bei Leit, déi him nostinn, huet missen déi mënschlech Verletzlechkeet erliewen. Et ass jo net nëmmen eng individuell Wourecht. Si gëllt och kollektiv, als Gesellschaft.

Mee déi lescht Woch huet eis awer viru beispilllos Decisioune gestallt. Mat de Mesuren, déi de physesche Kontakt tëschent de Mënschen soll verhënneren, ass gläichzäiteg déi wirtschaftlech Aktivitéit vun zegdausende Betriber vëlleg agestallt ginn. Aus Angscht, datt eist Gesondheetssystem mat ongeaante Konsequenzen zesummebrécht, hu mir virgezunn, léiwer noenee krank ze ginn, wéi all mateneen. Ganz ofgesinn dovun, datt d'Gesondheetsexperten an d'Virologen eis dat dringend un d'Häerz leeën, liicht dat dem gesonde Mënscheverstand och séier an: d'Gesondheet an de Schutz vun deene Schwächsten ënner eis geet elo vir.

Do gëtt et näischt ze kontestéieren, mee et ass net esou einfach. Mir entdecken direkt, datt et do sougenannte vital Beruffer ginn. Mat Recht goufen déi séier an de Secteure vun der Santé an der Alimentatioun identifizéiert. Nieft den Infirmière profitéieren plëtzlech d'Caissièren an de Supermarchéen vun enger ganz neier Popularitéit.

All dat hänkt uneneen

Mee si si net eleng: Camionen musse weiderhi fueren, Stroum muss weiderhin aus der Steckdous kommen, de Service public verdéngt dëser Deeg säin Numm méi wéi jee, d'Banke mussen dréien a vill anerer och.

Mee op wat kënne mir iwwerhaapt verzichten? Sécher, op Croisière muss dëser Deeg keen, mee wéi laang eist Land ouni Fluchverkéier liewe kënnt, däerf ee sech froen. Och wa kaum een en Handwierker als Urgentiste gesäit - ob d'mannst net esou laang Lift an Heizung lafen - sou ass et awer esou, datt mir onméiglech länger op d'Handwierksaarbecht verzichte kënnen. Soss kënnt nämlech iergendwa kee Stroum méi aus der Steckdous, kee Waasser méi vum Krunn, kee Brout méi op den Dësch, keng Ambulanz méi bei de Kranken.

Och dës Betriber mussen deemnächst nees un d'Aarbecht, an dofir mussen si als éischt emol iwwerliewen.

Elo schonn un d'Zukunft denken

Awer och mat hinnen ass et net gedoen. A kengem Wirtschaftsraum kënne Paien a Loyere bezuelt ginn, Geld fir Pensiounen, Klinicken a Krankegelder zur Verfügung gestalt ginn, ouni datt dat Geld verdéngt geet, datt Stol gegoss gëtt, datt Fabricke Material fir d'Klinicken hierstellen, fir Transport gesuergt ass, an esou weider.

All dat hänkt uneneen, all Betrib, all Mataarbechter ass mëttelfristeg ob senger Plaz gebraucht: dat risegt Wirtschaftsrad ass ronn, an et kann een net een Deel dovun zum Stëllstand bréngen a mengen, déi vital Deeler dovun kéinten eleng weider dréien.

Bis elo huet eis Regierung behäerzt gehandelt, huet hir Prioritéite misste setzen, a si ass och mat den Urgencen nach guer net duerch de Bësch. Trotzdeem muss si elo schonn drun denken, wéi d'Rad an Zukunft weider dréie kann. Fir muer eng Ekonomie ze hunn, muss een nach Betriber hunn, an déi musse nach Salariéën hunn. Villes wäert net méi esou si wéi virdrun, mee de Redemarrage vum Produktiounsapparat gehéiert och elo schonn zu den absolutte Prioritéiten. Dat ass de Sënn vun de Mesuren, déi virgëscht virgestallt goufen. Ob et duergeet, ass eng Fro, esou vital wéi déi, vun der ëffentlecher Gesondheet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.