De Staatsrot hat virun enger Woch véier formell Oppositioune formuléiert, ënner anerem beim Aspekt vum Jugendschutz. Am Avis gouf och gewarnt, datt d'Gesetz fir Kriticke kéint suergen, wéinst enger méiglecher Net-Konformitéit mam internationale Recht. De Charles Margue weist drop hin, datt et op dësem Punkt keng formell Oppositioun gëtt. "... An déi aner Opposition formellen, dat sinn der véier, déi sinn ze léisen".
De Justizministère schafft de Moment un den néidegen Amendementer, esou de President vun der Justizkommissioun.
"Mir hu kloer net dekriminaliséiert um Niveau vum Konsum bei deene Jonken, och net bei der Detentioun."
Komplett Legaliséierung net méi virun de Walen
Trotz der Warnung vum Staatsrot, datt d'Gesetz net konform mam internationale Recht kéint sinn, rechent de Charles Margue op dësem Punkt net méi mat Changementer um Text.
Dësen "ganz beschränkte Gesetz-Projet" fir de Konsum an d'Produktioun vu Cannabis doheem, wier elo op de leschten 100 Meter, esou de grénge Politiker. Fir déi zweet Phas vun der Cannabis-Legaliséierung géif - senger Meenung no - d'Zäit virun de Wale knapp ginn. Dobäi geet et ëm e Projet vum Gesondheetsministère mat Reegele fir d'Produktioun, d'Distributioun an de Verkaf vu Cannabis.