A verschiddene Punkte bleiwe bei der CSV och beim amendéierten Text nach Zweiwel. Et wier zum Beispill virgesinn, datt praktesch all Policebeamten op sämtlech Donnéeë vun de Leit kéint zeréckgräifen. Dat wier am éischten Text awer iwwerhaapt net esou zeréck behale ginn. D'Unzuel an d'Natur vun de Fichieren, déi d'Police kann uleeën wieren doriwwer eraus net per Gesetz reglementéiert, esou de CSV-Députéierten Gilles Roth.
Dat kéint d'CSV net matdroen an dofir huet d'Partei gefrot, datt d'Dateschutzkommissioun CNPD sech nach eng Kéier mam Text géif ausernee setzen, sou den CSV-Vize-Fraktiounschef Gilles Roth.
ADR: Effikass Policeaarbecht garantéieren
Et wier wichteg, datt d'Balance tëscht Dateschutz an effektiver Policeaarbecht géif garantéiert bleiwen, sou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee vu "ganz konstruktive" Gespréicher geschwat huet.
Et gouf Nofroen, wéi dat am politesche Prozess üblech ass, mee vu reegelrechter Kritik wëll d'Kommissiounspresidentin Stephanie Empain vun déi Gréng net schwätzen. Den Discours hätt sech kloer versaachlecht.