Zentrale Policefichier Police-Datebanken: D'CSV fuerdert Nobesserunge beim Gesetzestext

An der Chamberkommissioun fir bannescht Sécherheet stoung de Moien nach eemol de Projet de loi zur Diskussioun mat deem den Dateschutz am sougenannten zentrale Policefichier garantéiert soll ginn. De Staatsrot hat am Juli ee kriteschen Avis publizéiert, dee gouf de Moien nach ee mol ënnert d'Lupp geholl an d'Texter an deem Sënn amendéiert.

Jacques Ganser / cz

Datebank
Foto: Bigstock / monsitj

Lauschteren


A verschiddene Punkte bleiwe bei der CSV och beim amendéierten Text nach Zweiwel. Et wier zum Beispill virgesinn, datt praktesch all Policebeamten op sämtlech Donnéeë vun de Leit kéint zeréckgräifen. Dat wier am éischten Text awer iwwerhaapt net esou zeréck behale ginn. D'Unzuel an d'Natur vun de Fichieren, déi d'Police kann uleeën wieren doriwwer eraus net per Gesetz reglementéiert, esou de CSV-Députéierten Gilles Roth.

Dat kéint d'CSV net matdroen an dofir huet d'Partei gefrot, datt d'Dateschutzkommissioun CNPD sech nach eng Kéier mam Text géif ausernee setzen, sou den CSV-Vize-Fraktiounschef Gilles Roth.

ADR: Effikass Policeaarbecht garantéieren

Et wier wichteg, datt d'Balance tëscht Dateschutz an effektiver Policeaarbecht géif garantéiert bleiwen, sou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee vu "ganz konstruktive" Gespréicher geschwat huet.

Et gouf Nofroen, wéi dat am politesche Prozess üblech ass, mee vu reegelrechter Kritik wëll d'Kommissiounspresidentin Stephanie Empain vun déi Gréng net schwätzen. Den Discours hätt sech kloer versaachlecht.

Méi zum Thema

Illustratioun Datebanken Police
Dateschutz

D'Dateschutzkommissioun CNPD ass a ville Punkte kritesch, wat de Projet de Loi ugeet, fir de Fichier central vun der Police ze encadréieren. Den Accès vun der Police op d'Datenbanke géif ausgebaut ginn.

Michèle Sinner Kommentar
Chronik

Ee vun de Prinzippie vun eisem Rechtsstaat gëtt mam neie Projet de loi definitiv begruewen: nämlech deen, datt een onschëlleg ass, bis de Géigendeel bewisen ass, mengt d'Michèle Sinner.

Stefan Braum
Policedatebanken

De Projet de loi fir d'Policedatebanke gëtt den europäeschen Datenschutzufuerderungen net gerecht, mengt den Droitsprofesser Stefan Braum. De Gesetzesprojet géif der Police e grousse Spillraum loossen.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen