arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gerance vun der Covid-Kris: D'Belsch deet sech schwéier

Belsch

|
reading time

3 min

Gerance vun der Covid-Kris: D'Belsch deet sech schwéier

Knapps dräi Prozent vun der belscher Bevëlkerung goufe mëttlerweil zweemol géint de Coronavirus geimpft. E relativ more Bilan, wann een de Kritiker nolauschtert, oder mat verschiddenen anere Länner vergläicht. An do hëllefen déi rezent Probleemer mat den Impfzentren och net. Sou huet de gréisste Bréisseler Zentrum een Dag no der Aweiung scho missten d'Dieren zoumaachen.

reading time

3 min

Dësen Dënschdeg ass de gréisste belschen Impfzentrum an den Ausstellungshalen um Heysel zu Bréissel grouss ageweit ginn. An e Mëttwoch war e schonn erëm zou.

20 Impfstatiounen, mat enger maximaler Kapazitéit vun 5.000 Leit pro Dag, waren eidel. De Problem louch un de Convocatiounen, déi wéinst engem technesche Problem weder per SMS, E-Mail oder Pabeier mat Zäit erausgeschéckt goufen. Déi Datebank, déi vun de verschiddene Regioune vum Land gefiddert geet, war nach net operationell.

No den Impfungen an den Altersheemer sollten zu Bréissel dëst Woch 4.800 Membere vum Fleegepersonal ënner 55 Joer hir éischt Dosis vum Impfstoff vun AstraZeneca kréien, deen net an der Belsch fir eeler Leit erlaabt ass. Dat Objektiv wäert dëst Woch warscheinlecht net erreecht ginn, och wann den Zentrum dësen Donneschdeg Mëtteg erëm opmécht.

Bis Ufank Abrëll sollen am ganzen zéng Zentren zu Bréissel opmaachen, déi kënnen knapps 400.000 Leit pro Mount empfänken.

Lockerungen a Siicht

Am ganze Land sinn et nach 300 Patienten, déi op enger Intensivstatioun leien. Pro Dag gi ronn 100 Leit an eng Klinik opgeholl. Lues a lues ginn och d'Mesurë méi labber gemaach.

Sou goufen zum Beispill dëse Weekend d'Coiffeuren erëm opgemaach, an den éischte Mäerz ass et un den anere sougenannte métiers de contact wéi Tätowéierer an Esthetiksalonen. Perspektive fir de kulturelle Secteur oder Caféen a Restaurant'en ginn et awer nach keng.

An et ass och nach ëmmer verbueden, fir net-essentiell Ursaachen an d'Ausland ze reesen, oder vu baussen an d'Belsch ze kommen. Eng Mesure, déi diskret bis den 1. Abrëll verlängert gouf, an ënner anerem vun der europäescher Unioun kritizéiert gëtt, well se als iwwerdriwwe gëllt, an net mat den anere Länner koordinéiert war.

Kritik un der Strategie an un der Kommunikatioun vun der Regierung

Den Yves Coppieters, Epidemiolog a Professer vun Santé publique op de ULB, geheit den Autoritéite Mängel an der Kommunikatioun vir, mee och e Manktem u Leadership a Visioun. Kuerzfristeg an onkoordinéiert Moossnamen, keng Teststrategie, a feelend gesetzlech Basis, dat gouf den zwou Regierunge jo schonn an der Vergaangenheet reprochéiert.

Déi parlamentaresch Enquêtëkommissioun huet schonn déi fréier Premierministerin Sophie Wilmès an hir Gesondheetsministerin Maggie de Block convoquéiert, an dem nächste Mount ass et dann um Alexander de Croo, deen zënter Oktober Premier ass. Mee och an der Bevëlkerung ginn d'Kriticke géint d'Aschränkungen vun de Fräiheeten ëmmer méi haart.

En Dokumentarfilm äussert Kritik un der Press an un Experten

Den Dokumentarfilm "Ceci n'est pas un complot" kritiséiert iwwerdeems d'Aart a Weis wéi d'Kris vun der Press traitéiert gouf.

Finanzéiert gouf e via crowdsourcing. An och d'Virologen an Epidemiologen, déi sech an der ëffentlecher Kommunikatioun breetmaachen, kréien der laanscht d'Läffelen. E Komplott vun der Pharmaindustrie mat der Hëllef vun de Regierungen an der Press.

Och wann déi meeschten Affirmatiounen schonn als falsch demonstréiert goufen, ass de Film méi subtil wéi de franséischen "Hold up", deen jo am November Schlagzeile geschriwwen huet, a gouf schonn wäit iwwer 600.000 Mol gesinn.