Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall: Nach kee geneeën Tracé

Stroumversuergung

Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall: Nach kee geneeën Tracé

​Et gëtt nach keng Decisioun iwwer de geneeë Verlaf vum Tracé vun der ëmstriddener Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall vum nationale Netzbedreiwer Creos. Mat enger neier 380-Kilovolt-Leitung, vun Aach bei Tréier iwwer Bouffer bis op Bartreng, wëllt Creos déi national Stroumversuergung, déi zu engem groussen Deel aus Däitschland kënnt, laangfristeg garantéieren. Bis 2040 géing den Energieverbrauch zu Lëtzebuerg sech méi wéi verduebelen sou déi Responsabel vu Creos gëschter op engem Informatiounsowend zu Jonglënster, op deem déi nächst Etappe vum sougenannte Projet 380 virgestallt gi sinn.

auto_stories

2 min

2027 soll déi nei Leitung a Betrib goen, an déi aktuell 220-kilo-volt Leitung ersetzen, mee bis dohinner ass et nach e wäite Wee. Kritik un der geplangter Héichspannungsleitung gouf et ënnert anerem virun zwee Joer vun de Gemenge Steesel a Luerenzweiler. Creos hätt de Projet iwwer hir Käpp ewech decidéiert huet et deemools vun de Buergermeeschtere geheescht. Virun allem awer war et eng Fro vum Impakt op d'Liewensqualitéit vun de Bierger an op d'Natur. Op Basis vun enger Ëmwelt-Impakt-Etude wéilt een den Tracé mat deem klengsten Impakt proposéieren, huet den Alex Michels, Responsabel fir d'Infrastrukture bei der Creos gëschter virun intresséierte Bierger verséchert.

"Déi Alternativen déi mer haut nach hunn, do schwätze mer lo just vu gekapselten Anlagen, dat heescht do si mer lo bei engem Flächeverbrauch vu just der Hallschent, dat heescht vu sechs Hektar nach just. Déi alternativ fir eng Fräiloftanlag mat 12 Hektar déi si vum Dësch."

6 Alternative stinn am Raum

De geplangte Projet, géif et der Creos och erméiglechen d'Ëmspannleitung aus dem Duerfkär zu Heeschdref erauszehuelen, sou nach den Alex Michels. Wann d'Traffostatioun zu Heeschdref géing verschwannen, da géingen och d'Leitungen iwwer de Wunnenge verschwannen. Wou genee den neien Ëmspann-Poste soll hikommen, steet nach net fest.

Et wieren am ganze sechs Alternative gekuckt ginn, fënnef dovu wieren zu Boufer um Plateau, eng an der Géigend vun Allënster an eng zu Heeschdref.

D'Gemeng Jonglënster fuerdert méi Ofstand zum Duerf

Den Tracé wéi en aktuell zu Allënster geplangt ass, wier der Gemeng Jonglënster awer net wäit genuch vun den Haiser an Dierfer ewech, sou de Buergermeeschter, Romain Reitz, op eis Nofro hin.

"Mir hunn och schonn hinnen eng Kéier geschriwwe vu Creos, mir hätte dat gäre nach 400, 500 Meter méi wäit ewech. Dann ass et iwwer e Kilometer vum Duerf ewech a vun do aus géing een och net déi Statioun do gesinn."

Vun November bis Januar hunn déi vum Projet concernéiert Gemengen Zäit hiren Avis zu der Ëmwelt-Impakt-Etude ofzeginn, am Februar kënnt de Projet deen em 175 Milliounen Euro soll kaschte wärend 30 Deeg an d'Consultation publique an da wäert den definitiven Tracé vum Projet 380 festgeluecht ginn.

Weider Informatiounsowenter sinn haut den Owend um 6 zu Steesel an den 19. Oktober zu Bartreng virgesinn.