Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geplangten EU-Subsid däitlech ënnert dem US-Plang

INDUSTRIE

Geplangten EU-Subsid däitlech ënnert dem US-Plang

Virun engem Joer gouf an den USA ee Gesetzespak lancéiert mat generéise Subventioune fir d'Industrie méi klimafrëndlech ze maachen. Déi europäesch Äntwert dorop fält éischter bescheiden aus. Experte warnen, datt d'EU de Kierzeren zitt.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow

Zanter datt den amerikanesche President Joe Biden am August 2022 de sougenannten "Inflation Reduction Act" mat Honnerte Milliarden US-Dollar Subside fir eng méi emissiounsaarm Industrie lancéiert huet, gouf an den USA massiv investéiert. Observateure schwätze vun engem richtegen Industrieboom.

Am Mäerz dëst Joer hat d'Europäesch Kommissioun mam sou genannten "NET-Zero Industrie Act" eng Zort Äntwert op den amerikanesche Subventiounspak geliwwert.

EU-Plattform mat zéng Milliarden Euro

Och an der EU sollt de gréngen Technologien duerch Finanzsprëtze Been gemaach ginn. Virgesi war ënner anerem een extrae Souveränitéitsfonds, aus deem sollte Suen un d'Memberlänner fléissen. Dee Fonds gouf awer an der finaler Propositioun, déi d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen den 20. Juni op den Dësch geluecht huet, net zeréckbehalen. Amplaz dovu gouf "STEP" presentéiert - den neien Numm steet fir eng Plattform fir strategesch Technologië fir Europa an ass allefalls als éischte Schratt an déi virdrun annoncéiert Direktioun ze verstoen.

Duerch STEP géifen nämlech just zéng Milliarden Euro frësch Sue fléissen - eng bescheiden Zomm, wann ee se mat iwwer 300 Milliarden US Dollar an den USA vergläicht.

Dee Plang bleift wäit ënnert deem, wat d'Kommissioun versprach hat, sou de Commentaire aus dem Europaparlament. Och Experte sinn där Meenung. Déi aktuell Propos ass eng Enttäuschung, seet zum Beispill den Georg Riekeles, vum "European Policy Centre".

"Et geet net duer fir d'Ambitioune vun der EU eropzesetzen an der Klima-Technologie an all deene Beräicher vun den Transformatiounen, déi essentiel si fir déi geo-ekonomesch an déi industriell Positioun vun Europa."

Gefor vun Inegalitéiten tëscht EU-Länner

Dobäi sinn déi zéng Milliarden Euro nach net an dréchenen Dicher. Si sinn Deel vum pluriannuellen EU-Budget, dee nach bis 2027 gëllt. D'Ursula von der Leyen hat proposéiert, dee Budget ëm 65 Milliarden eropzesetzen. Doriwwer awer si sech d'EU-Memberlänner nach net eens.

Déi sougenannten Netto-Bezueler wéi Däitschland, Holland oder Schweden, déi Länner also, déi méi an dee Budget abezuelen, wéi se a Form vu Subsiden erauskréien, si skeptesch. An engems wëlle Verschiddener vun hinne wéi Däitschland selwer Milliarden an hir Industrie stiechen, fir se méi klimafrëndlech ze maachen.

Hei kéint een europäesche Fong eng wichteg Roll spillen, seet de Sander Tordoir vum "European Centre for Reform", engem zu London baséierten Think Tank

"De Succès vun der europäescher Expertise am Beräich vun der grénger Technologie hänkt net vun engem Land of - ma hire Wäert ass baséiert op oppe Grenzen an de marché unique an der EU. Dat kéint futti gemaach ginn, wann d'Inegalitéit tëscht de Länner ze grouss ass."

Diskussiounen iwwer EU-Budget net ofgeschloss

Een europäesche Verdeelungs-Schema wier dowéinst méi wichteg ewéi eng fragmentéiert staatlech Hëllef op nationalem Niveau. Dat allerdéngs wier den Ament awer net richteg en Vue, sou de Georg Riekeles.

"Weder d'Kommissioun nach d'Memberlänner wollte bis elo op dee Wee goen. Wann ee keng haart Diskussioun mat den Netto-Contributeure wëllt an och net mat Rescht vun de Memberstaaten iwwert ee méi aktive Gebrauch vun de Fongen, dann huet een um Enn just zéng Milliarden an dat ass éischter schappeg."

Et ass den Ament net warscheinlech, datt doraus méi gëtt. Eng Partie Memberlänner, dorënner och Lëtzebuerg hate sech éischter dofir agesat, déi aktuell Fongen ze notzen, amplaz een neie Fong anzeriichten.

D'Decisioun iwwert de Budget muss unanime geholl ginn - an do hunn Ungarn a Polen schonn ee Blockage annoncéiert sou laang wéi fir eegen Fonds de Relance, déi d'Kommissioun den Ament zeréckbehält, net fräi geschalt ginn.