Den Educatiounsminister Claude Meisch hat op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt et sécherlech eng Rëtsch Dageselteren gëtt, déi an de leschte Joren opgehalen hunn, well si sech iwwerfuerdert duerch de Bildungsoptrag spieren.
Den neie Gesetzestext gesäit ënnert anerem eng Hausse vun der maximaler finanzieller Participatioun vum Staat fir d 'Assistance parentale vir. Dës soll vun 3,75 op 5,4 Euro d'Stonn pro Kand eropgoen. Fir d'Caroline Ruppert vun der Agence Dageselteren, déi Dagesmammen - a Pappe bei hirer Aktivitéit begleet, e wichtege Schrëtt.
De Beruff méi attraktiv gestalten
Vill Punkten, déi sech verbessere wäerte, géingen zur Wäertschätzung vum Beruff bäidroen an e méi attraktiv maachen. D'Caroline Ruppert seet datt een op verschiddenen Schaltstellen elo misst kucken wéi sech dat op d'Nofro auswierkt.
Duerch d'Eropsetze vun der finanzieller staatlecher Hëllef, hätten d 'Elteren nämlech an Zukunft och de Choix ob se hiert Kand wéilte bei Dageselteren oder an eng Maison relais ginn, erkläert d'Caroline Ruppert. Bis elo wier d'Maison relais dacks déi méi gënschteg Alternativ gewiescht, jo nodeem a wéi enger Kategorie vu Revenu d'Eltere sech géinge befannen.
"Doduerch dass déi Tariffer elo ugepasst ginn, bedeit dat fir eis och, dass Eltere wierklech e Choix kréie fir nom Bedürfnis vum Kand ze kucken an net onbedéngt nom Revenu."
Fir d'Caroline Ruppert wier dat ganz wichteg, well et géife Kanner ginn déi besser an eng Maison Relais passen. Anerer hätte léiwer eng Dagesmamm, well se de klenge Kader brauchen. Dat selwecht géif fir d'Eltere gëllen déi do drop ugewise sinn, wéinst der Flexibilitéit vun den Auerzäiten, wa se Schichte schaffen.
Doriwwer eraus sollen zukünfteg Dageseltere mat der geplangter Reform ee Startkapital kréien, a Form vun enger eemoleger Primm vun 3000 Euro, fir hir Wunneng kannergerecht anzeriichten.
Neie Gesetzestext gesäit Ännerunge bei de Sproochkompetenze vir
Dageseltere mussen an Zukunft en Niveau B2 an enger vun den dräi offizielle Sprooche virweise kënnen, dat heescht en Niveau avancé. Bis ewell waren zwou Landessproochen, dofir awer nëmmen um Niveau A2 gefrot.
Caroline Ruppert erkläert, datt d'Sproochekenntnisser wichteg wiere fir de Beruff. Engersäits fir gutt mat de Kanner kënnen ze schwätzen, anerersäits fir als Independant kënnen seng administrativ Aarbechte maachen.
Fir Dageselteren déi des Konditioun net erfëllen ass am neie Gesetzestext eng Transitiounsphas vun 3 Joer virgesinn. D'Caroline Ruppert erkläert weider, datt d 'Aktivitéit vun den Dageselteren duerch reegelméisseg Entrevuë mat de concernéierten Acteure soll gestäerkt a valoriséiert ginn.
En éischt Treffen tëscht den Dageselteren, der Agence Dageselteren an dem Educatiounsministere gouf et leschte Samschden. Eng 70 Dageseltere wieren hei zesummekomm fir sech auszetauschen an iwwer hir Defien am Alldag ze schwätzen, dorënner een Dagespapp, esou nach déi Responsabel vun der Agence Dageselteren.