Déi Dausende Leit, déi a Georgien op d'Strooss gaange sinn, hu géint de Gesetzprojet protestéiert, deen an enger éischter Lecture vum Parlament zu Tiflis ugeholl gi war.
Zréckzéie vum Gesetzesprojet "dee richtege Schrëtt"
Virgesi war, datt Medien an zivilrechtlech Organisatioun, déi iwwer 20 Prozent auslännesch Recetten hunn, sech als "auslännesch Agenten" beim Justizministère hätte misste registréieren. Duerno hätte si ënnert spezieller Observatioun duerch de Ministère gestanen.
Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Yves Cruchten war d'lescht Woch zesumme mat enger Chamberdelegatioun a Georgien. Hie weist sech zefridden, datt d'Regierungspartei den ëmstriddene Projet zréck gezunn huet.
"Jo, et war deen absolut richtege Schrëtt fir dat Gesetz do zréck ze zéien. Dat Gesetz hätt nämlech ganz grave Konsequenze gehat. Fir d'Zivilgesellschaft an och fir d'Medien."
Op wéi eng Zukunft steiert Georgien hin?
Bei de Protester an der Kaukasus-Republik Georgien goung et och dorëm, wouhin d'Land sech beweegt: a Richtung Europäesch Unioun an NATO, sou wéi et an der Verfassung vum Land steet - a wéi eng Majoritéit vun der Populatioun sech et wënscht - oder a Richtung vun engem autoritäre Regime.
" D'Onsécherheet ronderëm den EU Kandidatestatut vu Georgien suergt fir Polariséierung an der Gesellschaft. Mir hoffen op weider Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg " Dat hunn d'georgesch Vertrieder der Chamberdelegatioun op Visitt a Georgien mat op de Wee ginn.https://t.co/1P7Epu0Nav pic.twitter.com/TcDoABLFnD
- Chambre des Députés (@ChambreLux) March 2, 2023
Wier dat sougenannten "Agente-Gesetz" a Kraaft getrueden, da wier ee Rapprochement zur EU an der NATO blockéiert gewiescht, seet och den Yves Cruchten.
"Georgien muss awer wëssen, datt Gesetzer wéi dat iwwer d'Agents étrangers si géifen herno am Endeffekt behënneren, op hirem Wee an d'Europäesch Unioun. Well an der Unioun do steet d'Demokratie net just um Pabeier."
Déi fréier Sowjetrepublik Georgien mat hiren 3,7 Milliounen Awunner steet scho laang ënnert dem Drock vu Russland.
Bei de regierungskriteschen a pro-europäesche Protester a Georgien, hat d'Police an de leschten Deeg mat Gewalt, Tréinegas a Festname reagéiert. D'Oppositioun wëllt trotz dem Succès viru protestéieren.