Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Too Much To Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Buergermeeschter vun Esch an Diddeleng weise Kriticke vu sech

Gemengesyndikat Pro-Sud

Buergermeeschter vun Esch an Diddeleng weise Kriticke vu sech

D'Buergermeeschter vun Esch an Diddeleng Georges Mischo (CSV) an Dan Biancalana (LSAP) weisen d'Kriticke vun der fréierer Pro-Sud-Presidentin zréck: no hirer Demissioun d'lescht Woch hat d'Anouk Boever-Thill e "gewëssen Dysfonctionnement" an der Exekutiv vum Gemenge-Syndikat Pro-Sud kritiséiert. An d'CSV-Gemenge-Conseillère vu Monnerech hat dem Georges Mischo an dem Dan Biancalana reprochéiert, duerch hir vill Mandater net genuch Zäit fir de Pro-Sud ze hunn: de Gemengesyndikat wier keng Prioritéit fir déi béid Politiker.

auto_stories

2 min

De Georges Mischo. Foto: Archiv.

Lauschterenplay_arrow


Et hätt am Fong kee Sträit ginn, mee aner Usiichten, esou d'Ausso vum Dan Biancalana, no der Demissioun d'lescht Woch vun der Pro-Sud-Presidentin.

Bei hirer Wiel Mëtt Dezember 2019 hat d'Anouk Boever-Thill sech géint de fréiere Pro-Sud-President Dan Biancalana duerchgesat. D'CSV-Politikerin war 2019 d'Nofollgerin vum fréiere grénge Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini ginn, deen deemools och beim Pro-Sud demissionéiert hat.

Elo bedauere souwuel den Escher Buergermeeschter Georges Mischo wéi den Dan Biancalana d'Demissioun vun der Anouk Boever-Thill. Den Diddelenger Député-Maire Dan Biancalana seet:

"Ech deelen net déi Aschätzung vum Dysfonctionnement, well de Pro-Sud ass, war a bleift handlungsfäeg. Mir hate sécherlech aner Usiichten a punkto Organisatioun a Koordinatioun, mee dat huet ni verhënnert, eis Responsabilitéit als Pro-Sud wouer ze huelen vis-à-vis vun de Gemengen an och vis-à-vis vu Personal vu Pro-Sud, dat och iwwer d'Gemenge bezuelt gëtt, fir déi Projeten ëmzesetzen, déi hei am Virdergrond stinn."

Member vum Syndicat sinn 11 Süd-Gemengen: d'Ziel vu Pro-Sud ass d'Promotioun an d'Entwécklung vun der Süd-Regioun.

No de Kriticke vun der Anouk Boever-Thill seet den Escher Député-Maire Georges Mischo:

"Den Terme 'Dysfonctionnement', deen ass mir e bëssen ze staark respektiv och onglécklech gewielt gewiescht am Bréif vun der Madamm Boever-Thill. Ech hat och mat hir elo de Weekend nach telefonéiert. Et gëtt am Fong geholl kee reellen Dysfonctionnement, dee stattfonnt huet."

Heiansdo hätten et awer organisatoresch Probleemer ginn, gëtt de Georges Mischo zou. D'Virwërf vun der fréierer Pro-Sud-Presidentin wëllt hien awer net stoe loossen:

"Menger Meenung no sinn d'Reprochen net ganz fondéiert. Et goufe Koordinatiouns- an och organisatoresch Probleemer, mee vill Mandater hin oder hier, de gudde Fonctionnement vum Syndikat ass mir wichteg an och de Kolleegen aus dem Büro. An ech sinn och motivéiert och weiderhi Verantwortung an der Exekutiv ze iwwerhuelen."

Ob de Georges Mischo iwwer den Interim eraus a bis no de Gemengewalen 2023 President vu Pro-Sud wëllt ginn, misst hie sech nach iwwerleeën, esou den CSV-Politiker.

Den LSAP-Politiker Dan Biancalana seet, datt hien net dorun interesséiert wier, erëm Pro-Sud-President ze ginn.