Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drénkwaasserkapassitéite fir de Wuesstem

Waasserqualitéit

Drénkwaasserkapassitéite fir de Wuesstem

De "Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre" investéiert a méi Kapassitéiten an a modern an ëmweltfrëndlech Filtertechnologië fir d'Opbereedung vum Drénkwaasser. Den Direkter Georges Kraus hofft, de Waasserverbrauch pro Kapp erofgesat ze kréien an d'Qualitéit vum Waasser ze verbessert. E Problem sinn d'Landwirtschaft an d'Kläranlagen.

auto_stories

3 min

Georges Kraus

Dat neit Wassergesetz soll nach dëst Joer a Kraaft trieden. Bis dohinner mussen d'Gemengen hir Kläranlage an d'Rei bruecht hunn.

Lëtzebuerg gouf vum Europäesche Geriichtshaff viru bal véier Joer op 2 Milliounen Euro verklot, well deemools sechs Kläranlagen net den EU-Standarden entsprach hunn. Zousätzlech mussen all Dag 2.800 Euro bezuelt ginn, bis datt all d'Kläranlagen an der Rei sinn a si d'Waasser net méi mat "Nährstoffer" belaaschten.

Zäitgeméiss Kläranlagen

"Mir hätte gär, datt d'Kläranlagen am Anzuchsgebitt verbessert ginn," seet den Direkter vum "Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre" (SEBES) Georges Kraus. "Mir wäerten och do natierlech Drock maachen." Et géing ee mat de Kollege vum "Syndicat des eaux résiduaires du Nord" (SIDEN) diskutéieren, déi d'Kläranlag vun der Bleesbréck bedreiwen. Dës Kläranlag ass déi eenzeg, déi de Moment nach net de Standarden entsprécht. Dat soll viraussiichtlech Enn 2018 de Fall sinn.

Biolandwirtschaft fir proppert Waasser

Zënter zwee Joer géing et eng Kooperatioun mat der Landwirtschaft am Anzuchsgebitt ginn. D'Bauere solle manner düngen a manner Pestiziden op hire Felder asetzen, fir eng héich Waasserqualitéit ze garantéieren.

2018 wäert e neit Schutzzonen-Reglement kommen. Wéi dat wäert ausgesinn, ass nach net kloer. Wahrscheinlech wäert d'Kooperatioun mat der Landwirtschaft dobäi eng grouss Roll spillen. "Wann een déi richtegen Technike verwennt an déi richteg Applikatioune mécht, kann een anescht düngen", seet de Georges Kraus. Zil wär, datt d'Nährstoffer an der Planz sinn an net duerno am Waasser.

"Mir wäre frou, wa biologesch Landwirtschaft gemaach gëtt, well einfach keng Pestizide verwennt ginn. Mir wëllen awer och kee forcéieren." De Bauer soll d'Natur esou gutt et geet schounen. Dobäi wär awer wichteg, datt de Bauer genuch Ertrag huet a säin Ënnerhalt ka verdéngen.

Nei Investitioune fir d'SEBES

D'Populatioun ass tëscht 2000 an 2010 ëm 1,4% gewuess, tëscht 2010 an 2014 ëm 2,4%, esou den Direkter vun der SEBES dee fir déi nächste Jore vun engem manner grousse Wuesstem vun der Bevëlkerung ausgeet. Den demografesche Wuesstem huet en Impakt op de Waasserverbrauch.

Fir 166 Milliounen Euro investéieren de Staat an de Waassersyndikat SEBES an de Bau vun enger neier Opbereedungsanlag fir Drénkwaasser. D'SEBES liwwert d'Halschent vum Drénkwaasser fir 90% vun der Populatioun, seet de Georges Kraus. Déi nei Anlag zu Eschduerf ka bis zu 150.000 Kubikmeter den Dag bereetstellen a funktionéiert mat enger neier, méi nohalteger Filtertechnik. Si soll d'Drénkwaasser fir d'Gesellschaft bis 2030-2040 garantéieren. Duerno muss erëm bäigebaut ginn.

D'Opbereedung vum Stauwaasser gëtt mat der neier Anlag verbessert, esou datt nach méi Veronrengegungen aus dem Waasser gefiltert kënne ginn. An Zukunft soll och kee Chlor méi fir d'Drénkwaasseropbereedung agesat ginn. Och Aluminium wäert net méi agesat ginn, mee duerch Eisen ersat ginn.