Op Basis vun deem Walresultat hätt ee sech drop gëeenegt, datt hien den neie Buergermeeschter zu Klierf soll ginn, esou de Georges Keipes. Dat wier hir Konditioun an et géif kee Wee dolaanscht goen.
D'Biergerlëscht zu Klierf hat e Méinde separat Gespréicher souwuel mat der CSV wéi mat der DP.
Bei de Walen ee Sonndeg hat d'Biergerlëscht 30,5 Prozent vun de Stëmme kritt. Ee Plus vun iwwer 16 Prozentpunkte respektiv 3 Sëtz méi. Den CSV-Buergermeeschter Emile Eicher hat iwwer 300 Stëmme manner kritt, wéi de Georges Keipes.
"Wann een untrëtt an et steet een och fir ee Changement, dann ass een natierlech frou, wann d'Wieler dat och mat hirem Vott zum Ausdrock bréngen. An ech mengen d'Resultat war ganz kloer. Ech mengen d'Leit wëllen och, datt eng Ännerung kënnt, an deem gi mir dann heimat gerecht."
Koalitioun mat der CSV an der Biergerlëscht?
Et wier ganz sécher, datt de Georges Keipes neie Klierfer Buergermeeschter gëtt, seet den Emile Eicher, deen zanter 29 Joer Buergermeeschter ass. Hie géif respektéieren, datt de Politiker vun der Biergerlëscht méi Eenzelstëmme wéi hie kritt huet.
Wéi sécher ass den Emile Eicher sech awer, datt seng CSV eng Koalitioun mam Walgewënner, der Biergerlëscht ka forméieren?
"Mir sinn an der Vergaangenheet ganz gutt mateneen eens ginn. Souwuel perséinlech wéi och inhaltlech. An der Programmatioun si mir ganz wéineg auserneen, sou datt mir relativ séier missten eis iwwer zukünfteg Prioritéiten eens ginn."
D'Biergerlëscht zu Klierf féiert Enn vun dëser Woch awer och nach weider Gespréicher mat der DP, huet de Georges Keipes eis gesot, deen eegener Ausso no keng Parteikaart huet. Den zukünftegen neie Klierfer Buergermeeschter schafft als Jurist am Justizministère.