Radioen

On air

Tockcity  |  Junior Varsity - Give My Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Engel: Kuerzfristeg wäert warscheinlech keng Impfflicht agefouert ginn

Kuerz virum Debat an der Chamber

Georges Engel: Kuerzfristeg wäert warscheinlech keng Impfflicht agefouert ginn

De Georges Engel rechent net domat, datt kuerzfristeg eng Impfflicht hei am Land decidéiert gëtt. Fir déi aktuell Well kéim esou eng Obligatioun ze spéit. A vun enger eventueller nächster Well wéisst een haut jo nach net, fir wie se besonnesch geféierlech géif ginn, fir wéi eng Kategorie vu Leit eng Impfflicht dee Moment also géif Sënn maachen.

auto_stories

1 min

headphones

16 min

play_arrow

Et wier awer wichteg, d'Diskussioun elo ze féieren, fir virbereet ze si wann et néideg gëtt, sou de Georges Engel. Am Regierungsrot vun haut géif och nach eng Kéier iwwer d'Theema geschwat ginn. Eréischt dee Moment géif d'Regierung sech op eng Positioun verstännegen, sou de Georges Engel. "Ech ka mer och virstellen, dass et do divergent Meenunge ginn, an da gëllt et am Konsens eng Meenung vun der Regierung ze fannen", sou den neie Sports- an Aarbechtsminister.

Hie perséinlech ass der Meenung, datt eng Impfflicht fir déi Well un Neiinfektiounen déi am gaangen ass, ze spéit kënnt. Wann d'Vitess un Neiinfektioune sech weider géif acceleréieren, misst een d'Recommandatioune vum Experte-Comité awer warscheinlech ëmsetzen.