Den Aarbechtsministère hat dës Etüd am Summer beim Fuerschungsinstitut LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) a bei der Uni Lëtzebuerg an Optrag ginn. Analyséiert goufen d'Vir- an d'Nodeeler vun enger Verkierzung vun der gesetzlecher Wochenaarbechtszäit. Zu de Conclusiounen, erkläert d'Fuerscherin vum LISER Thuc Uyen Nguyen-Thi:
"Les expériences de RTT dans le monde ont montré des effets mitigés sur tous les aspects, que ça soit du côté des employés et du côté des employeurs. Et puisque tous ces aspects ont des liens directs et indirects sur l'attractivité du pays ou d'une entreprise, on peut dire que l'effect sur l'attractivité reste ambigu."
Well zum Beispill d'Froe vun de Modalitéiten, de Käschten an dem Finanzement vun enger Aarbechtszäitverkierzung fir d'Entreprisë respektiv fir de Staat oppe bleiwen, wieren zousätzlech Recherchen néideg, erklären d'Auteuren.
Diskussioune méi objektiv féieren
Dës Etüd wier keng Decisioun wat soll geschéien, ënnersträicht den Aarbechtsminister Georges Engel. Et wier eng Etüd déi engem d'Méiglechkeet sollt gi fir d'Diskussioune méi objektiv féieren ze kënnen.
Wat seng Partei ugeet, hätt déi sech schonn am hirem Walprogramm 2018 positionéiert, seet de Georges Engel. Viru fënnef Joer hat d'LSAP sech fir eng 38-Stonne-Woch bei vollem Lounausgläich staark gemaach. Déi Etüd géif sécherlech hëllefe fir eng Rei vun Erkenntnisser ze kréien.
Dem Georges Engel no, kéinte sech mat dëser Etüd awer elo all Parteien "en connaissance de cause" zur Fro vun der Aarbechtszäitverkierzung positionéieren.
De ganze Rapport vum LISER fannt Dir hei.