Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass Lëtzebuerg eng Steieroas?

Enquêtëkommissioun Panama Papers

Ass Lëtzebuerg eng Steieroas?

D'Panama Papers-Enquêtë-Kommissioun vum Europaparlament fuerdert, datt och Lëtzebuerg, Holland, Irland a Malta wéinst hirer ëmstriddener Steierpraxis op déi Schwaarz Lëscht vu Steieroase solle gesat ginn. Déi Europa-Deputéiert, déi dat elo fuerderen, solle méi prezis sinn a soen, géint wéi eng Reegele Lëtzebuerg verstéisst, seet de Chef vum Steierdepartement bei KPMG Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Georges Bock

17 Drëttstaaten a Regiounen, déi d'Europäesch Unioun a Steierfroe fir "net kooperativ" hält, stinn op der neier Schwaarzer Lëscht, déi d'EU-Finanzministeren d'lescht Woch decidéiert hunn. Kritik un dëser Lëscht gouf et virun allem aus dem Europaparlament: Et missten och EU-intern-Steieroasen ënnert d'Lupp geholl ginn, huet et do geheescht.

Déi Europa-Deputéiert, déi elo fuerderen, datt och Staate wéi Lëtzebuerg op déi nei Schwaarz Lëscht gehéieren, solle méi konkret bei hire Virwërf sinn, verlaangt de Georges Bock vu KPMG.

"Eng pauschal Veruerteelung"

De Chef vum KPMG-Steier-Departement hält net vill vun der pauschaler Virgoensweis vum Europäesche Parlament. Et sief dann, d'Parlament géif prezis Reegelen uféieren, géint déi Lëtzebuerg géif verstoussen. Dat wier awer net de Fall.

"Hei geet et ëm eng pauschal Veruerteelung, déi politesch gesi vill Kaméidi mécht."

Datt keng EU-Staaten op der Schwaarzer Lëscht stinn, wier relativ normal, mengt de Chef vum KPMG-Steier-Departement.

Lëtzebuerg géif d'Critèren erfëllen, déi an der Europäescher Unioun gëllen. De Georges Bock ass awer dovun iwwerzeegt, datt mat Lëschte vu Steieroasen d'Zil kann erreecht ginn, fir dës Staaten an Territoiren zu méi Steier-Transparenz ze beweegen.

De Georges Bock erënnert drun, datt am Rapport vun der Industrie-Staaten-Organisatioun OECD vu Mëtt Oktober iwwer schiedlech Steierpraktiken - mat Ausnam vu Frankräich - keen EU-Staat méi opgefouert ass.

Georges Bockplay_arrow