Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Djurkel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Generalverdacht

Chronik

Generalverdacht

Den neie Projet de loi fir d'Policedatebanke géif d'Rechtsstaatlechkeet stäerken, sot de Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox bei der Presentatioun. Mee ee vun de Prinzippie vun eisem Rechtsstaat gëtt mat dësem Projet definitiv begruewen: nämlech deen, datt een onschëlleg ass, bis datt de Géigendeel bewisen ass, mengt d'Michèle Sinner.

auto_stories

4 min

Eng wäiss West an de Policefichiere kréien esou guer déi net, déi fräigesprach sinn, deenen hir Onschold als bewise gëllt. Dat well zu Lëtzebuerg, anescht wéi an anere Länner, déi perséinlech Daten net aus dem Fichier central vun der Police geläscht ginn, wann ee rechtskräftege Fräisproch virläit.

Si gi just an d'Archiv vun deem Fichier geréckelt, wou se dann - ëmmerhin - 30 Joer gehale ginn. Do ass den Zougang zwar limitéiert, mee dat beäntwert d'Fro net, wat d'Police iwwerhaapt mat den Informatioune vu Leit mécht, deene viru Gericht keng Schold konnt nogewise gouf.

Een Doudschlagargument

Wien déi Fro stellt, kritt als Äntwert, d'Police kéint déi Saache jo awer nach emol brauchen. Zum Beispill bei Pedophillen, wou d'Beweiser just net duergaange si fir si ze condamnéieren. An da kënnt nach emol e Verdacht op.

Dat ass gläichzäiteg en Doudschlag- an e Scheinargument. Natierlech wëllt keen op der Säit vu Kannerschänner stoen. Mee wie mat esou Argumenter kënnt, dee mécht aus dem Extreemfall eng Reegel fir déi - trotzdeem - net-pedophil Allgemengheet.

Dobäi géif et och ëmgedréit goen. Et kéint een onbescholltene Bierger hir Anträg prinzipiell läschen an Ausname fir d'Extreemfäll maachen - esou wéi dat a Frankräich ass.

D'Recht op Informatioun

Och beim Zougang vun de Bierger op hir Daten an deem Fichier geet ee vum prezise Problemfall aus fir pauschal Rechter anzeschränken. Deen Zougang ass am neie Projet bis ewell nämlech guer net gereegelt.

Wien dono freet, kritt geäntwert: dat geet jo net! Et soll ee sech mol virstellen, den Drogendealer, deen d'Police wëllt fänken, kéint beim Dateschutzbeoptraagten den Ermëttlungsstand nofroen.

Och dat kann een awer esou net gëlle loossen. Éischtens, well d'Kadergesetz fir den Dateschutz bei Police- a Justizinformatioune seet, datt et e Recht op déi Informatioune gëtt, an dat kann ageschränkt ginn, fir lafend Ermëttlungen net ze behënneren. An zweetens, well déi Ausnam am Projet scho virgesinn ass.

Wie kann d'Date wierklech kucken?

D'Donnéeë vu Leit, déi verdächtegt ginn, drop an drun ze sinn eng ze stëbsen, kënnen nämlech och fir Consultatioune vun anere Policebeamte gespaart ginn. Wann een dat probéiert, gëtt bei den zoustännegen Offizéier vun der Police Judiciaire en Alarm ausgeléist.

Technesch schéngt et also absolut méiglech ze sinn, den Accès op d'Donnéeë op déi Beamten ze limitéieren, déi mat enger Affär befaasst sinn.

Wie freet, firwat dat keng allgemeng Reegel ass, notamment fir ze verhënneren, datt bei der Police Jänni a Männi ka kucke goen, wat en näischt ugeet, dee kritt geäntwert, dat géif am Alldag d'Policeaarbecht onméiglech maachen.

Der Fro, wéi vill Beamten nom neie Projet Zougang op de Zentralfichier kréien, wäicht d'Police-Direktioun aus a seet, et soll een d'Policebeamten net ënner Generalverdacht stellen.

Ouni am Detail ze verstoen, wéi d'Policeaarbecht am Alldag ausgesäit, kann een awer feststellen, datt dëse Projet den Accès vu Policebeamten op perséinlech Date vun de Bierger net wierklech aschränkt.

D'Police reglementéiert sech selwer

Dat well trotz dësem Effort fir den Accès iwwerhaapt mol ze reegelen, déi genee Modalitéiten eréischt vun der Police decidéiert ginn an net bekannt sinn. Well nieft de Policebeamten, dem Projet no, och déi vun der Douane kënnen en Accès accordéiert kréien. An d'Policebeamten och nach Zougang op méi externen Datebanke kréie sollen, wéi bis elo. A schliisslech, well vun deenen iwwer 60 Fichiere bei der Police déi meescht souwisou onreglementéiert bleiwen.

Wann ee freet, firwat déi keng gesetzlech Basis kréien, heescht et vu Säite vun der Police, och dat géif d'Aarbecht aschränken. Et kéint een net allkéiers fir en neie Fichier zwee Joer op e Règelment grand-ducal waarden. An där Logik dierften deemnächst Leit, déi ze séier gefuer sinn, kee Protokoll méi kréien, wa si wierklech presséiert waren.

Dës Approche fir der Police grousse Spillraum an hir eege Reegelen ze loossen, fir Daten iwwer d'Bierger ze sammelen an ze späicheren, kann nëmme bedeiten, datt aus der Affär ëm de Geheimdéngscht a säi Geheimarchiv och déi Gréng keng Lektioune gezunn hunn, vun deenen dëse Projet kënnt.

D'Oppositioun ass "embedded"

D'Oppositioun, déi 2019 mat der Vitess vun engem Maschinnegewier parlamentaresch Froen zu all dësen Datebanke gestallt huet, ass "embedded". Nodeems si an de Chamberkommissioune gehollef huet, de Projet auszeschaffen, ka se en elo schlecht kritiséieren.

Mee vläicht wëllt se dat och iwwerhaapt net an huet sech op hir law and order-Prinzippie besënnt. Da setzt ee léiwer d'Bierger ënner stännege Generalverdacht, wéi d'Forces de l'orde - obwuel deenen hirem Ëmgang mat de perséinlech Date vun an Informatiounen iwwer Bierger kaum Ulass fir Vertraue gëtt.