Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reaktiounen op d'Logements-Mesurë vun der Tripartite

Tripartite

Reaktiounen op d'Logements-Mesurë vun der Tripartite

Am Tripartite-Accord vun e Freideg sinn och dräi Mesuren am Beräich Logement virgesinn. Bei zwou dovunner geet et drëm, Leit, déi en eegent Haus, eng eege Wunneng oder eng Bauplaz wëlle kafen, ënnert d'Äerm ze gräifen. Zil vun där drëtter Moossnam ass et, zousätzlech abordabel Mietwunnengen op de Maart ze kréien.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wie seng Wunneng an d'gestion locative sociale gëtt, soll an Zukunft 70 an net méi just 50 Prozent vum Loyer vun de Steiere kënnen ofsetzen. Dat kompenséiert dann zum Deel dee méi nidderege Loyer, deen een an där sozialer Form vum Verloune kritt.

De Loyer wier awer net déi primär Motivatioun vun de Proprietären déi bäi d'AIS géife kommen, sou de Gilles Hempel vun der Agence immobilière sociale. Hie gleeft deemno net onbedéngt, datt dat elo masseg Propriétairen ermontert, hir Wunneng op déi Manéier an d'Locatioun ze ginn. De Logementsminister Henri Kox ass do méi optimistesch, fir hien ass dat ee weidert Stéck an engem méi grousse Puzzle.

"Et geet jo drëm, datt mer dat vill méi public maachen - mir hu jo am Moment och eng Campagne lafen -, an dat hei ass en zousätzleche Moyen, fir engem Privaten déi lescht Zweiwelen ze huelen."

Zwou Mesure fir Keefer vun engem Logement

Den Henri Kox begréisst och d'Eropsetze vum Steierkredit bei der Acquisitioun vun engem Haus oder enger Bauplaz (Stéchwuert "bëllegen Akt"), wann ee selwer dohi wunne geet. Do gëtt de Plafong vun haut 20.000 op mar 30.000 Euro eropgesat, fir jiddereen. Praktesch bedeit dat, datt Leit schonn 20.000 Euro an Usproch geholl hunn, nach eemol 10.000 Euro kënne geltend maachen.

Iwwer eng weider Moossnam, déi e Freideg decidéiert gouf, soll de Plaffong fir Scholdzënsen aus Immobilie-Kreditter vun 2.000 op 3.000 Euro pro Persoun am Stot a pro d'Joer eropgesat ginn - an zwar réckwierkend, och scho fir dëst Joer.

"Den Elektorat ass bestëmmt net traureg, fir dat doten ze héieren", kommentéiert de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre immobilière.

De Jean-Paul Scheuren ass net zefridden

Fir hie wier dës Mesure eleng awer och keng Äntwert op déi Froen, déi sech stelle géifen. Et bräicht weider Mesuren déi de Secteur dynamiséieren, sou de Jean-Paul Scheuren.

Do wier et besser gewiescht, d'Reform vum Mietgesetz auszesetzen an den Invest an abordabel Mietwunnenge weider ze favoriséieren, sou de Jean-Paul Scheuren.