Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Reaktiounen op den "Etat de l'Union"

ETAT DE L’UNION

Gemëschte Reaktiounen op den "Etat de l'Union"

De russesche Krich an der Ukrain an d'Energiekris stoungen am Mëttelpunkt vun der Ried zur Lag vun der Unioun, déi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gëschter am Europaparlament gehalen huet. Fir déi eng war den Toun dee richtegen, fir déi aner hu wichteg Saache gefeelt.

auto_stories

4 min

De russesche Krich an der Ukrain an d'Energiekris stounge wéi erwaart am Mëttelpunkt vun der Ried zur Lag vun der Unioun, déi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Mëttwoch am Europaparlament gehalen huet.

Ënner der Presenz vun der ukrainescher First Lady Olenka Zelenska huet d'Ursula von der Leyen de Courage vun den ukrainesche Männer a Fraen, déi sech der russescher Attack entgéint stellen, gelueft. Géint de Krich huet d'Kommissiounscheffin däitlech Wieder fonnt.

"Et ass ee Krich, bei deem et ëm Demokratie géint Autokratie geet, um Enn wäert de Putin scheiteren an Europa gewannen."

Dat koum gutt un am Europaparlament. Allerdéngs hu sech Verschiddener méi erwaart.

"Ganz schei Sätz, awer net genuch Konkretes fir där Kris, déi mer elo hunn, entgéint ze wierken", fënnt d'Tilly Metz. Fir déi gréng Europadeputéiert ass d'Kommissiounspresidentin ze mann op de Klimaschutz a gaangen.

"Et wier wichteg gewiescht, iwwer d'Ursaache vun der Klimakris ze schwätzen". D'Annonce, eng europäesch Bank fir Hydrogen op d'Been ze setzen, blouf an hiren Aen ze vag, well "do muss een oppassen, wou d'Suen hi ginn, mir hunn den Ament net genuch erneierbar Energie fir gréngen Hydrogen ze produzéieren."

D'Ursula von der Leyen huet dee richtegen Toun fonnt, fënnt iwwerdeems de Charel Goerens vun der DP. Si hätt den Inventaire gemaach vun deem, wat d'EU bis elo ënnerholl huet, an dee kéint sech duerchaus weise loossen.

Hie vermësst allerdéngs eng Analys doriwwer, firwat d'EU a bestëmmte Beräicher, wéi der Fuerschung, hanner anere kënnt.

Dës Ried zur Lag vun der Unioun huet eng Stonn laang gedauert. Wärend deene ronn 60 Minutten huet de Marc Angel virun allem eppes vermësst. "Dat Soziaalt huet mer wierklech gefeelt", sou den LSAP-Europadeputéierten.

"Si huet Léisungen um ekonomesche Volet bruecht, mat dat Mënschlecht gefeelt, si huet näischt iwwer d'Prekarisatioun vun de Mësche gesot."

Net konkret a streng genuch, wann et drëm geet den EU-Länner, déi sech net un déi europäesch Valeuren halen, an d'Mangel ze huelen, dee Reproche huet sech d'Ursula von der Leyen dacks misse gefale loossen.

Net d'accord domat ass iwwerdeems d'Isabel Wiseler. D'Kommissioun géif hei an hiren Aen déi richteg Wierder fannen an och richteg handelen, stellt d'CSV-Europadeputéiert fest.

De Probleem wieren hei d'Memberlänner. Déi missten elo mol duerchgräifen an Neel mat Käpp maachen.

De State of the Union, oder État de l'Union ass ee grousse Moment fir d'Kommissiounspresidentin. Gemooss gëtt si awer un deem, wat dono wäert konkret ëmgesat ginn.

E Pak vun Energie-Mesurë géint d'Hausse vun de Präisser

Wat d'Energiekris ugeet, sot d'Ursula von der Leyen, d'EU misst komplett onofhängeg vu russeschem Gas ginn.

"Mir mussen den Afloss vu Gas op de Präis vum Elektreschen entkoppelen. Dowéinst wäerte mer de Stroummarché ëmfaassend reforméieren", sou d'Ursula von der Leyen.

Eng Propos fir déi Reform wëllt d'Kommissioun Ufank d'nächst Joer virleeën.

Méi kuerzfristeg Mesuren, déi fir eng Iwwergankszäit gëlle sollen, goufen e Mëttwoch de Mëtteg presentéiert.

Dozou gehéiert et, de Memberlänner virzeschreiwen, datt si een Deckel fir bestëmmten Energie-Entreprisen aféieren an dee Surplus dann un Konsumente verdeelen.

Konkret soll de Revenu vu Stroumproduzenten, déi Elektresch méi bëlleg also net mat Gas hierstellen, gedeckelt ginn - deen Deckel gëtt europawäit op 180 Euro pro Megawatt-Stonn festgeluecht.

Aner Energie-Entreprisen, déi mat fossiller Energie schaffen, an héich Profitter maache sollen och ee Solidaritéitsbäitrag bezuelen.

Si missten een Drëttel vun hirem Benefice ofginn, deen 20 Prozent iwwer der Moyenne vu de leschten dräi Joer läit. Och mat deene Sue solle Mesurë finanzéiert ginn, fir Entreprisen oder Stroumverbraucher ze hëllefen, déi besonnesch ënnert den héische Präisser leiden. Béid Mesurë kéinten de Länner ganzen 140 Milliarden Euro abréngen..

"Net jiddweree brauch Hëllef, ma et gëtt Milliounen, déi an deem Fall sinn an déi brauchen se dringend", sou de Vizepresident vun der EU-Kommissioun de Frans Timmermans

Vu datt d'Stroumproduktioun awer net iwwerall d'nämmlecht organiséiert ass, kéint och deen extra Revenu jee no Land ganz ënnerschiddlech ausfalen.

Hei misst d'Solidaritéit ënnerenee spillen, sot dozou de Frans Timmermans ouni genee ze erklären, wéi dat organiséiert soll ginn.

D'Kommissioun proposéiert och, Mesurë fir Elektresch ze spueren. Dat wier fundamental fir aus der Kris ze kommen, sou de Frans Timmermans.

Hei gëtt awer just deelweis en obligatorescht Zil imposéiert. Déi 27 EU-Länner ginn opgefuerdert, de Verbrauch fräiwëlleg ëm 10 Prozent ze reduzéieren. A Spëtzenzäiten ass doriwwer eraus eng obligatoresch Reduktioun vu 5 Prozent vum Konsum virgesinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.