Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Kompetenze fir d'"Pecherten"

Gemengewalen

Méi Kompetenze fir d'"Pecherten"

An de groussen Uertschaften huet d'Theema Sécherheet eng gewëss Roll gespillt wärend dëser Campagne fir d'Gemengewalen. An deem Kontext ass och d'Iddi vun enger Gemengepolice lancéiert - oder besser (well nei ass se net) re-lancéiert - ginn. An där ganzer Sécherheets-Diskussioun war awer och d'Roll vun den Agents municipauxen (am Volleksmond: Pecherten) en Theema. Do huet e Gesetz vun zejoert jo nei Dieren opgemaach. De Maurice Molitor huet een Agent, deen och gewerkschaftlech aktiv ass, begéint - a wärend e puer Stonne begleet.

auto_stories

4 min

Fotoen: Maurice Molitor

Um Auto, an dee mer klammen, steet grouss "Service de proximité". Dat ass eppes neits, eppes, dat et eréischt zënter dem éischte Januar gëtt. Oder ka ginn, wann eng Gemeng dat wëllt, wa se hire Service vun hiren Agents municipauxen esou nenne wëll. Miersch wollt dat, als eng vun den éischte Gemengen am Land. An dofir sinn hir Pecherten zënter e puer Méint ënnert där Etikett ënnerwee. Et däerf ee jo Pechert soen?

"Oh, mir fannen d'Wuert esou am Dictionnaire. An ech géif éischter soen: 't ass den Toun, deen d'Musek mécht."

De Steve Hatto gesäit dat also net esou enk. Hien ass de Chef vun enger Ekipp vu véier Leit, déi an der Gemeng Miersch baséiert sinn, mee nach dräi aner Gemenge mat ofdecken: Fëschbech, Lëntgen - an d'Fiels. An do fuere mer elo hin.

Beim éischten Asaz vum Dag geet et ëm déi Aktivitéit, déi de Pecherten den Numm ginn huet. Scho beim éischten Auto an der Rei geet déi kleng Imprimante:

"- Deen do kritt elo ee gepecht? - Genau, deen huet keen Disk leien, hei kënnt Der zwou Stonne mam Disk stoen. Mee wann Der keen Disk leien hutt, da gitt Der opgeschriwwen."

Eng uniforméiert Presenz fir e méi héicht Sécherheetsgefill

An et ginn nach e puer Automobilisten, déi sech deen Dag ferm dierfte geiergert hunn, wéi se zréck bei hiren Auto koumen, iwwert den Ziedel hannert dem Wischer, dee se 24 Euro kascht.

"Beim Stationement maache mir de Constat vun enger Infraktioun am Numm vun der Police. Mir hunn awer do keng Polizei-Befugnisser. Dat ass och de Grond firwat alles wat duerno geschitt - wann zum Beispill net bezuelt gëtt oder wann den Auto misst ofgeschleeft ginn - vun der Police muss gemaach ginn."

Iwwer d'Gesetz vum 27. Juli 2022 kënnen d'Agents municipauxen, nieft där Kontroll vum rouende Verkéier, weider Kompetenze bäikréien - wann hir Gemeng hinne se gëtt. An der Preventioun zum Beispill.

"Eng gewëss uniforméiert Presenz suergt dofir, datt vill Leit sech méi sécher fillen, an op där anerer Säit suergt et natierlech och dofir, datt verschidden Infraktiounen net geschéien ..."

Dofir gehéieren Desekalatiounscoursen neierdéngs zu der Basis-Formatioun vun zukünftegen Agenten. (Déi aktuell kréie se als Formatioun continue). Eng aner nei Missioun sinn déi penal Infraktiounen, déi iwwer déi reng administrativ Infraktiounen erausginn. No Formatiounen an nom gepackte Promotiounsexame kréien d'Agenten och d'Befugnisser fir Procès-verbauxen ze schreiwen, déi och un de Parquet kënne viru goen.

Komplementar zur Police

Déi Kompetenzen a penale Froe ware fir de Staatsrot e kloren Indice, datt hei eng nei kommunal Police géif geschaf ginn. Mee dovu wëll de Steve Hatto näischt wëssen.

"Mir si keng Police. Mir si complementaire zur Police. Mir kënne verschidden Aufgaben iwwerhuele mam Zil, dass da vläicht Policebeamte fräi gi fir aner Missioune wou se gebraucht ginn. Op där anerer Säit ass de Sécherheetsaspekt och fir eis Agente wichteg. Dat heescht et däerfen natierlech keng Aufgebasstellungen oder keng Missioune ginn wou mer eis an akut Gefor beginn. An dat soe mer och eise Leit: wann Der an esou eng Situatioun gerot gitt wou Der sot, dat do ass fir d'Police, dann ass et och fir d'Police."

Fir de Probleem vun der Heescherei - net där einfacher, déi bleift erlaabt, mee där aggressiver - geléist ze kréien, huet Miersch iwweregens keen neit Gesetz gebraucht, dat d'Kompetenze vun de Pecherten erweidert huet. Dat huet se Méint virdru schonn hikritt, iwwer eng einfach Ännerung vum kommunale Polizeireglement. Bannent zwou Woche wier d'Saach gehal gewiescht, seet de Steve Hatto.