Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geramouers tëschent Fusiounspartner

Gemengewalen

Geramouers tëschent Fusiounspartner

Et ramouert tëschent de Fusiounsgemenge Bous a Waldbriedemes. Ënner anerem wéinst dem gemeinsame Gemengenhaus, dat no der Fusioun soll entstoen. De Gemengerot vu Bous fuerdert an enger Resolutioun, datt Waldbriedemes virun de Walen net méi iwwer dee Projet soll ofstëmmen.

auto_stories

3 min

U sech ware Bous a Waldbriedemes sech Eens: No der Fusioun, déi am September offiziell a Kraaft trëtt, soll ee gemeinsamt Gemengenhaus entstoen, um Territoire vun der Gemeng Waldbriedemes. Eigentlech sollt dee Bauprojet méiglechst séier viru gedriwwe ginn. Mee elo läit en op Äis: Well de Gemengerot vu Bous dat Enn Mäerz an enger Resolutioun gefuerdert huet.

Op verschiddene Punkte wéi dem Wärmenetz wieren nach Diskussiounen ze féieren, seet de Bousser Schäffe Joé Beissel.

Mësstraure wéinst dem Stëmme vun eegene Reglementer

Mee firwat Waldbriedemes mat enger Resolutioun virun de Kapp stoussen, amplaz sech tëscht Fusiounsgemengen einfach ofzeschwätzen?

"Well Waldbriedemes och einfach e puer Saache gestëmmt hunn, wou se eis net gefrot hunn. A wou mir gesot hunn: Et ass léiwer esou, datt herno déi Nei definitiv stëmmen, wéi datt mir do elo eppes vir maachen."

Déi zwou Gemenge missten hir Reglementer harmoniséieren, amplaz elo sou kuerz virun der Fusioun nach eege Reglementer ze stëmmen, fënnt de Joé Beissel. An hei hätt Waldbriedemes elo an engem wichtege Beräich ewéi der Schoul nach een neit Reglement geholl.

"Waldbriedemes huet fir d'Schoul gestëmmt, dass Leit, déi am Ausland wunnen, hir Kanner kënnen zu Waldbriedemes an d'Schoul ginn."

Dat wier awer am Fusiounsprojet ni eng Diskussioun gewiescht, sou de Joé Beissel.

Diskussiounen iwwer Honds-Taxen an Taxë fir Poubellen

Et herrscht also ee gewësst Mësstrauen bei de politesch Responsablen zu Bous. Zu Waldbriedemes kann een d'Kritik vun de Fusiounspartner net novollzéieren. De Vott vu verschiddene Reglementer wier transparent annoncéiert ginn, seet de Schäffen Martin Bohler. D'Reglement iwwer d'Schoul wier gestëmmt ginn, fir enger Rei Mataarbechter vun der Gemeng z'erméiglechen hir Kanner zu Waldbriedemes an d'Schoul ze ginn, obwuel se net zu Lëtzebuerg wunnen. Et wier och genuch Plaz an der Schoul zu Waldbriedemes, betount den CSV-Politiker.

De Martin Bohler kritiséiert sengersäits, datt déi zwou Gemenge wéinst de villen Onstëmmegkeeten net mat der Harmoniséierung vun hire Reglementer viru kéimen. Zum Beispill d'Honds-Taxen: Do leie mir hei zu Waldbriedemes bei 30 Euro. Bous läit bei 50. Musse mir se lo op 50 upassen oder treffe mir eis an der Mëtt?"

Änlech Diskussiounen hätt een op Punkte wéi den Taxë fir d'Poubellen, sou de Martin Bohler.

De Projet vum neie Gemengenhaus hätt Waldbriedemes elo op alle Fall gestoppt, nodeems den Avant-Projet am Dezember mat enger Géigestëmmung an enger Enthalung ugeholl gi war. Wéinst der Resolutioun wéilt een de Projet elo net weider féieren, seet de Martin Bohler.

Fusiounswëllen trotzdeem existent

Effektiv wier och zu Waldbriedemes net jidderee vum geplangte Neibau fir bal zwielef Milliounen Euro iwwerzeegt, esou de Schäffen. Hie kéint sech dowéinst virstellen, datt de Projet effektiv no de Wahlen, wa Bous a Waldbriedemes ee gemeinsame Gemengerot hunn, vläicht nach emol kéint ugepasst ginn.

Datt d'Fusioun de richtege Wee fir déi zwou kleng Gemengen ass, betounen trotz den aktuellen Tensioune souwuel de Martin Bohler, wéi och de Joé Beissel:

"Jo, ech denken, dat Ganzt ass awer positiv ze gesinn. Dach."

Bei de Gemengewalen am Juni wielen d'Awunner vun den zwou Gemenge jeeweils an enger eegener Sektioun: Fir Bous gi sechs Membere vum neien, gemeinsame Gemengerot gewielt, an zu Waldbriedemes fënnef Memberen. De Martin Bohler an de Joé Beissel kandidéiere bei de Gemengewalen, d'selwecht wéi eng Rei aner Membere vun den zwee Gemengeréit. A Ganze bewerbe sech 23 Kandidat:innen ëm déi eelef Sëtz am Gemengerot vun der Fusiounsgemeng "Bous-Waldbriedemes". De Buergermeeschter vu Bous, de Carlo Kutten, a säin Homolog vu Waldbriedemes, de Thomas Wolter, ginn allebéid, wéi scho länger annoncéiert, net méi mat an d'Walen.