Am Walbezierk Norde wiele just 11 vun den 34 Gemengen am Proporzsystem. Bei dëse Gemengewale waren dorënner véier nei Proporzgemengen. An deene Gemenge sinn exklusiv Biergerlëschten ugetrueden.
D'Resultater vun de Parteien am Iwwerbléck:
- Biergerlëschten: 59 Mandater (+51)
- CSV: 28 Mandater (-6)
- LSAP: 22 Mandater (-2)
- DP: 13 Mandater (+2)
- déi gréng: 3 Mandater (-2)
- ADR: 2 (+1)
Biergerlëschten dominéieren
Am Walbezierk Norde kruten d'Biergerlëschte bal een Drëttel vun alle Stëmmen. Am Ganzen sinn 13 Biergerlëschten a 6 Proporzgemengen ugetrueden. An den neie Proporzgemenge (Parc Housen, Bettenduerf, Réiden, Esch-Sauer) haten d'Wielerinnen a Wieler ausschliisslech de Choix tëscht verschiddene Bierglëschten.
Zu Ëlwen ass nieft zwou Biergerlëschte just d'ADR als Partei ugetrueden. D'Ëlwenter Biergerlest steet awer zum Beispill der DP no.
CSV geschwächt
An den Nord-Proporzgemenge huet d'CSV just nach 27 Prozent vun de Stëmmen. 2017 louch d'CSV am Norden nach bei bal 40 Prozent. De Phänomen vun de Biergerlëschten ass net deen eenzege Grond fir dëse Réckgank.
D'CSV verléiert och Stëmmen zu Clierf (bal 13 Prozentpunkten), Ettelbréck (6 Prozentpunkten) an zu Wëntscher (bal 3 Prozentpunkten). Besser schneid d'CSV dës Kéier mat jeeweils ronn 37 Prozent vun de Stëmmen zu Dikkrech an zu Woltz of.
Hire beschte Score mécht d'CSV zu Rammerech mat 48,8 Prozent vun de Stëmmen. Trotz liichte Stëmmverloschter behält d'Partei domadder hir absolut Majoritéit vun de Sëtz am Gemengerot.
LSAP verléiert Stëmmen
D'LSAP kënnt an den Nordgemengen op ee Stëmmenundeel vu ronn 22 Prozent (7 Prozentpunkte manner wéi 2017). Besonnesch staark sinn d'Verloschter zu Dikkrech (10 Prozentpunkten op elo 37 Prozent vun de Stëmmen), wou d'LSAP hir absolut Majoritéit vun de Sëtz am Gemengerot verléiert. Hire beschte Score am Norden mécht d'LSAP dës Kéier trotz Stëmmeverloschter zu Woltz (vu 45 op 39 Prozent).
Zu Rammerech (30 Prozent) an Ettelbréck (36 Prozent) schneiden d'Sozialiste deels däitlech besser of wéi 2017.
DP relativ stabel
Déi Demokratesch Partei kritt mat bal 14 Prozent am Norde liicht méi Stëmme wéi 2017.
Am meeschte leet d'DP zu Dikkrech bäi (vun 9 op 16 Prozent). Hire beschte Score maachen déi Liberal zu Woltz mat ronn 24 Prozent vun de Stëmmen.
Liicht Verloschter ginn et fir d'DP zu Wëntscher an zu Rammerech.
Déi gréng wéineg verankert
Déi gréng si just an dräi vun den eelef Proporzgemengen am Norden ugetrueden. An hei verléiert d'Partei iwwerall u Stëmmen: Zu Clierf an zu Dikkrech bleiwen nach ronn 10 Prozent (-6 respektiv -2 Prozentpunkten).
Hire beschte Nord-Score (13 Prozent) maachen déi gréng op en Neits zu Ettelbréck, mee och hei gi Stëmme verluer.
Kleng Parteie kaum präsent
Déi Lénk an d'Piraten hate keng Kandidatelëschten am Norden. D'ADR ass weiderhin zu Wëntscher (bal 15 Prozent vun de Stëmmen) mat engem Vertrieder am Gemengerot vertrueden an neierdéngs och zu Clierf (10 Prozent).