Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewalen: D'DP huet déi meeschte Lëschten deposéiert

Walen 2023

Gemengewalen: D'DP huet déi meeschte Lëschten deposéiert

100 nei Buergermeeschteren, iwwer 200 Schäffen a bal 800 Gemengerotsmemberen. Dorëm geet et bei de Gemengewalen den 11. Juni. Zäit fir Kandidaturen anzereeche war bis de Mëttwoch den Owend.

auto_stories

2 min

Foto: unsplash

Lauschterenplay_arrow


D'Demokratesch Partei huet déi meeschte Lëschten zesumme kritt. D'DP trëtt a 47 vun de am Ganze 56 Proporzgemenge mat eegene Lëschten un. Domat huet d'DP zwou Lëschte méi wéi d'CSV, déi a 45 Proporzgemengen untrëtt. Bei de Gemengewale gëtt dëst Joer an zéng Gemenge méi nom Proporzsystem gewielt wéi 2017.

Et wier ee Problem Kandidaten a Gemenge mat just iwwer 3.000 Awunner ze fannen, esou d'CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert. Dowéinst wéilt hir Partei an de Programm fir d'Chamberwale schreiwen, datt de Seuil vun 3.000 op 6.000 oder souguer 8.000 Awunner soll erhéicht ginn.

Mat zéng neie Proporzgemenge wier et eng Erausfuerderung fir all Parteie gewiescht, Lëschten zesummen ze stellen, esou de grénge Parteipresident Meris Sehovic. Seng Partei trëtt mat 36 eegene Lëschten un. Mat Steesel an Helperknapp sinn et zwou Lëschte méi wéi 2017. Dat wier eng gutt Nouvelle an eng positiv Dynamik.

Eng Rei DP- an LSAP-Kandidate sinn op Biergerlëschten

Bei der DP ass d'Zuel vun den eegene Lëschten ëm véier geklommen, vun 43 am Joer 2017 op elo 47. Eng Rei Kandidate géifen dobäi op enger Biergerlëscht als DP-Kandidate mat an d'Gemengewale goen, sou d'Generalsekretärin Carole Hartmann.

D'LSAP kënnt op 39 Lëschten an de Proporzgemengen. Dat sinn zwou Lëschte manner wéi viru sechs Joer. Zu Miersch an zu Jonglënster ginn et keng eegen LSAP-Lëschte méi.

Aus lokalpoliteschen Ursaache géifen et a verschiddene Gemengen oppe Lëschten oder Biergerlëschte ginn, stellt den LSAP-Generalsekretär Tom Jungen fest. Insgesamt géifen awer méi LSAP-Memberen dës Kéier bei de Walen untriede wéi bei de leschte Walen, dat souwuel an de Proporz- wéi an de Majorzgemengen.

Piratepartei, KPL a Fokus mat manner Lëschte wéi déi aner Parteien

D'Piratepartei wäert bei de Gemengewale mat zwielef komplette Kandidatelëschten untrieden, a mat enger net-kompletter zu Kielen. D'ADR trëtt mat eelef komplette Lëschten un, an déi Lénk mat siwe komplette Lëschten.

Déi nei Partei Fokus an d'KPL ginn all Kéier mat dräi komplette Lëschten an d'Course. An d'Partei Déi Konservativ trëtt den 11. Juni mat zwou Lëschten un.