Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewalen: 11 Prozent Net-Lëtzebuerger bis elo ageschriwwen

Ausbléck

Gemengewalen: 11 Prozent Net-Lëtzebuerger bis elo ageschriwwen

Fir d'Gemengewalen den 11. Juni dëst Joer hate sech bis Enn der leschter Woch 28.657 Net-Lëtzebuerger op der Wielerlëscht vun hirer Gemeng ageschriwwen. Dat sinn eréischt ronn 11 Prozent vun allen auslännesche Bierger, déi d'Recht hunn sech anzeschreiwen. Déi Zuelen huet eis de Familljeministère de Moien op Nofro hi matgedeelt. Zäit hu si awer nach, och wann eng Partie Delaien ëmmer méi no kommen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / melis

Lauschterenplay_arrow


Fir Net-Lëtzebuerger spillt eng nei Reegelung: si hu bis den 18. Abrëll nach Zäit fir sech - entweder online oder bei hirer Gemeng - anzeschreiwe fir mat doriwwer ze bestëmmen, wien an Zukunft a hirer Gemeng d'Soen huet.

Deen Aschreiwungsdelai ass dëst Joer fir d'éischt Kéier méi laang, an och déi fréier Residenzklausel vu fënnef Joer fält elo ewech. Mee: datt si déi Demarche sech aktiv anzedroen iwwerhaapt musse maachen, an net och automatesch op d'Lëscht kommen, soubal si sech op der Gemeng androen, gëtt vun enger Rei Organisatiounen, wéi zum Beispill der Asti, kritiséiert.

Bei de leschte Gemengewalen 2017 hate sech alles an allem 22 Prozent vun den auslännesche Walberechtegten ageschriwwen.

Delaie komme méi no

Leit mat Lëtzebuerger Pass sinn - wa se groussjäreg sinn - automatesch op der Wielerlëscht vun hirer Gemeng ageschriwwen - a musse bekanntlech um Walsonndeg och am Walbüro virstelleg ginn.

D'Walflicht gëllt awer och fir auslännesch Bierger, soubal se ageschriwwe sinn. Wieler:innen, déi den 11. Juni net am Land sinn, mussen d'Bréifwal ufroen, an dat tëscht dem 20. Mäerz an dem 2. Mee.

Residenten déi vun doheem aus de vote par correspondance wëlle maachen, déi hu bis de 17. Mee Zäit fir hir Demande ze maachen. Dat geet souwuel um Pabeier wéi och online iwwer guichet.lu.

Wien driwwer nodenkt, sech déi nächst sechs Joer a senger Gemeng aktiv politesch ze engagéieren, dee muss bis spéitstens kuerz no Ouschteren, den 12. Abrëll, eng Decisioun huelen. Bis dohi mussen all d'Kandidaturen deklaréiert sinn.

Mediecampagnë fänken eréischt un

Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger kënnen ënnert dee selwechte Konditiounen opsetzen. Wéi vill Memberen d'Gemengeréit vun de 102 Gemengen hunn, hänkt vun hirer Awunnerzuel of. Dat variéiert tëscht siwe Leit an de klengste Gemengen a a 27 an der Stad Lëtzebuerg.

Déi offiziell Mediecampagnë fir d'Gemengewale geet ee Mount virun der Wal un a gëtt vun der Medienopsiicht Alia iwwerwaacht.

Informatioune zu de Gemengewale ginn et hei: https://elections.public.lu/fr/support/faq/faq-communales.html