Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Kënnen an Dierfen

Gemengepolitik

Tëscht Kënnen an Dierfen

Buergermeeschtere kënne vill bewegen - wa se d'Initiativ ergräifen an d'Regierung hinne kee Stréch duerch d'Rechnung mécht. Och beim Ëmgank mat potentiellen Abuse hu si een Ermiessensspillraum.

auto_stories

4 min

Foto (v.l.n.r.): Jean-Pierre Kauffmann, Jean-Paul Schaaf, Vera Spautz, Edgard Arendt

Et gëtt kee Code de Deontologie fir Buergermeeschteren. Deemno misst all Gemenge-Chef sech selwer virum Risiko vun Abuse schützen a Fäll, déi net duerch Gesetzer oder Reglementer gereegelt sinn. Doranner waren déi véier Buergermeeschtere sech a "Riicht eraus" Eens.

Keng Kaddoen unhuelen?

De grénge Buergermeeschter vu Betzder Edgard Arendt seet, datt hie sech d'Regel ginn hätt, guer keng Kaddoen unzehuelen. Mä effektiv, kéint all Buergermeeschter dat maachen, wéi en denkt.

"Et muss ee sech selwer Richtlinne ginn, fir säin eegent Handelen als Buergermeeschter", seet den CSV-Buergermeeschter vun Ettelbréck Jean-Paul Schaaf. Konkret wier hien ni mat engem Korruptiounsversuch konfrontéiert gewiescht. Mee et géif hei ee gewëssen Ermiessens-Spillraum ginn, huet hie gemengt. Net all Kaddo, dee bei der Gemeng ukéim, wier direkt problematesch. Dovunner wier och net just de Buergermeeschter betraff, mee och d'Cheffe vun de Gemengeservicer.

Interpretatiounsspillraum bei Baugeneemegungen

"Jidderee versicht sech géint de Risiko vun Abusen ze schützen", seet déi Escher LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz. Zum Beispill géif et Situatiounen, wou Leit ubidden "emol Iessen ze goen" oder "soss ze kucken", wéi se eng ëmstridden Baugeneemegung accordéiert kënne kréien. "Dat huet ni funktionéiert bei mär" an dat wéissten d'Leit och. D'Offeren, déi een do gemaach kréich, misst ee refuséieren.

Fir de liberale Buergermeeschter vu Schëtter Jean-Pierre Kauffmann ass d'Situatioun kloer: Just wat am Aklang ass mam Bautereglement, gëtt accordéiert. Do wou d'Bautereglement een Interpretatiounsspillraum zouléisst, wier et un der Gemeng, "Léisungen ze fannen" am Sënn vun de Bierger. Beim Accordéiere vu Baugeneemegunge wier de Buergermeeschter awer ëmmer encadréiert vun den Experten aus senge Servicer.

Politeschen Handlungsspillraum

Dacks kënnen d'Buergermeeschteren an hire Gemengen hir politesch Ziler ëmsetzen. Zum Beispill kritt Schëtter de Verkéierschaos an der Gemeng nach manner an de Grëff, wann d'Regierung wéi geplangt decidéiert, datt d'Zich op den Arrête vu Mënsbech a Wecker manner dacks halen.

D'Gemenge kënnen d'Grondsteier an d'Gewerbesteier bannent enger Forschette matbestëmmen. Dat géif awer net duergoen, fir sech wierklech selwer méi finanzielle Spillraum kënnen ze ginn, esou déi véier Buergermeeschteren. Do wieren d'Gemengen op d'Reform vun de Gemengefinanzen ugewisen, iwwer déi awer op Regierungsniveau decidéiert gouf.

Beim Festleeë vu Steiertauxen op lokalem Plang spillt och eng gewëss Konkurrenz tëscht de Gemengen, esou d'Vera Spautz. Effektiv wieren d'Grondsteier an d'Gewerbesteier zu Esch méi niddreg wéi a villen anere Gemengen.

Mä wann een d'Initiativ ergräift, kéint een op lokalem Plang vill ëmsetzen, esou d'Meenung vun de véier Buergermeeschteren. Zum Beispill huet Betzder een Energieberoder agestallt, fir selwer méi erneierbar Energie ze produzéieren. Ettelbréck huet sech eng Strategie ginn, fir als Geschäftsstad z'iwwerliewen. An Esch huet decidéiert an de soziale Wunnengsbau z'investéieren an an eng zweet Flüchtlingsstruktur ze schafen.

Autonomie oder national Virgaben?

Et wier gutt fir d'Gemengen, wann d'Regierung a verschiddene Beräicher national Virgabe géif maachen. Zum Beispill wat Sozialwunnengen an den Accueil vu Flüchtlingen ugeet. Där Meenung sinn de Jean-Paul Schaaf an d'Vera Spautz. Ouni Quotë géife vill Gemengen net genuch Efforte maachen, sou hiert Argument.

De Jean-Pierre Kauffmann an den Edgard Arendt gesinn dat anescht: Fir d'Akzeptanz vun de Bierger ze garantéieren, misst een hei de Gemenge-Cheffe Spillraum loossen, fir déi richteg Léisungen op lokalem Plang ze fannen.

Buergermeeschter: Ee Vollzäitjob

Déi véier Buergermeeschtere si sech iwwerdeems Eens, datt hiren Job op d'mannst 40 Stonnen d'Woch an Usproch hëlt.

Ee Cumul mam Deputéierte-Mandat géif kee Sënn maachen, fannen den Edgard Arendt, d'Vera Spautz an de Jean-Paul Schaaf. Den Ettelbrécker Buergermeeschter war tëscht 2004 an 2013 selwer "Député-Maire" a seet, dat wier op d'Käschte vum Deputéierte-Mandat gaangen.

Gemengewahlen am Oktober

D'Vera Spautz, de Jean-Pierre Kauffmann an de Jean-Paul Schaaf hu wëlles bei den nächste Gemengewahlen ze kandidéieren. Den Edgard Arendt wollt nach net verroden, ob hien zu Betzder nach emol mat an d'Wahle geet.

Fir datt méi Auslänner sech an d'Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen aschreiwen, missten iwwerdeems méi Efforte gemaach ginn, sou d'Vera Spautz. Opriff eleng géifen net duergoen, mengt och de Jean-Paul Schaaf. Et misst ee mat de Leit direkt a Kontakt trieden.