Fir e Koalitiounspartner kommen dräi méiglech Parteien a Fro: DP, déi Gréng, an eng Biergerlëscht.
Et hätt ee keng Preferenz fir e Koalitiounspartner sou den CSV-Buergermeeschter Emile Eicher. Hie wéilt d'Gemeng awer net an der Minoritéit viru leeden.
"Ech haett gären eng stabil Majoritéit an dofir sichen ech mer lo e Partner."
Den Emile Eicher wëllt Gespréicher mat all de Parteie féieren
Déi Gréng hätte scho Kontakt mam CSV-Buergermeeschter opgeholl. Den Emile Eicher géif awer d'Gespréich mat jiddferengem sichen. Suergen, datt hie seng Gemeng als Buergermeeschter bis zum Waljoer 2023 net méi leede kéint, mécht hie sech awer net. "Am leschte Joer kann ee keng motion de censure erabréngen. Et ass awer net sou wéi ee schaffe soll. Ech hätt gaeren eng stabil Majoritéit."
Den Ex-CSV-Conseiller Theo Blasen géif elo als neutrale Conseiller bis zum Enn vu sengem Mandat am Gemengerot bleiwen. Als Grond fir säin Austrëtt nennt den Emile Eicher e Manktem u Kommunikatioun. Et hätt ee sech awer net am Streit getrennt, preziséiert de Klierfer Buergermeeschter. Den Theo Blasen géif d'Projeten, déi e bis lo als CSV-Conseiller matgedroen hätt och weider ënnerstëtzen.
Klierf mat senge 17 Uertschaften huet 5.800 Awunner. Vun der Fläch hir ass et déi zweetgréisst Gemeng am Land.