Radioen

On air

Notturno  |  Oisin Leech - Colour Of The Rain Feat. Steve Gunn & Tony Garnier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geméisbau: Diskussiounen iwwer Waassersourcë lafen

Bewässerung vun Agrarflächen

Geméisbau: Diskussiounen iwwer Waassersourcë lafen

Wann d'Tendenz zu ëmmer méi dréchene Summere sech sollt confirméieren, misst een iwwer eng Bewässerung vun den Agrarflächen nodenken, esou den Andrew Ferrone. Am Uebstbau géif och haut schonn deelweis bewässert ginn.

auto_stories

2 min

Ekonomesch géif et awer am meeschte Sënn maache fir grouss a flaach Felder ze bewässeren. Déi meescht Felder zu Lëtzebuerg wieren awer kleng an net flaach. D'Regierung wéilt an Zukunft de Geméisbau weider ausbauen a fërderen a géif dofir momentan och iwwerleeën, wou dat néidegt Waasser kéint bezu ginn, esou den Andrew Ferrone.

"D'Regierung huet decidéiert méi an de Geméisbau ze investéieren, fir kënne méi autonom ze sinn. A wann een natierlech déi Decisioun hëlt, muss een och kucken, wéi een dee Secteur ka besser opstellen", esou den Andrew Ferrone.

Duerchschnëttstemperature gi weider an d'Luucht

D'Duerchschnëtts-Temperatur an de Joren 1981 bis 2010 louch hei am Land 1,3 Grad méi héich wéi déi 30-järeg Moyenne 120 Joer virdrun, esou de Chef vum Wiederdéngscht am Agrarministère.

D'nächst Joer gëtt en neie Wäert publizéiert, deen den Zäitraum 1991 bis 2020 mat der vir-industrieller Zäit vergläicht. A fir de Klimawëssenschaftler Andrew Ferrone ass kloer, datt dee Wäert méi héich wäert leien. Hie geet dovun aus, datt dee Wäert bis zu 1,5 Grad kéint sinn.

An Zukunft: Ubau vun anere Kulture warscheinlech

Déi klimatesch Verännerunge kéinten dozou féieren, datt mëttelfristeg zu Lëtzebuerg an der Landwirtschaft aner Kulturen ugebaut gi wéi bis elo. A Fro kéimen zum Beispill Soja an Hirse, déi besser mat Hëtzt an Dréchent eens ginn. Eventuell géifen an noer Zukunft aus deem selwechte Grond och aner Drauwenzorten an de Wéngerten ugebaut. Fir e Bilan vum Karschnatz ze maachen, wier et nach ze fréi. Wou d'Problemer awer offensichtlech sinn, wier op de Wisen a Weeden. Plazeweis hätten d'Baueren hir Béischte schonn nees missen eranhuelen, well se dobaussen net méi genuch Fudder fannen.

De Summer 2020 ass elo schonn deen drëtten noeneen, deen ze waarm an ze dréchen ass. Dat huet natierlech e groussen Impakt op d'Landwirtschaft.

E puer Deeg liichte Reen un engem Stéck: dat wier dat bescht, wat der Natur elo kéint geschéien, esou den Andrew Ferrone. Déi punktuell Donnerwiedere géifen dem Buedem net vill bréngen, well en no där laanger Dréchent ze haart ass fir Waasser kënnen opzehuelen. Et wier awer am Moment kee laange Reen a Siicht a Previsiounen iwwer eng Woch eraus wieren net immens fiabel.