Radioen

On air

De Moien  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gemeinsam eppes erreechen"

Zesummenaarbecht an der Groussregioun

"Gemeinsam eppes erreechen"

De groussregionale Wirtschafts- a Sozialcomité huet gëschter seng Recommandatiounen un d'Politik presentéiert: dat am Virfeld vum nächste Sommet vun der Groussregioun, deen an dräi Woche soll sinn. De President vun dësem berodende Gremium Jean-Claude Reding huet gefuerdert, datt d'Ënnerscheeder an der Groussregioun net weider dierfte méi grouss ginn.

auto_stories

4 min

Foto: SIP/Emmanuel Claude.

Relativ wéineg Zesummenaarbecht tëschent den Deeler vun der Groussregioun géif et bis elo am Beräich vu der berufflecher Weiderbildung ginn, huet d'Jeanne Ruffing festgestallt: si ass d'Coordinatrice vum interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmarché. Virun allem bei der Digitaliséierung géif et nach ganz wéineg Weiderbildungsméiglechkeete ginn:

"Man muss auch sagen, dass sich die enormen Unterschiede in den Weiterbildungslandschaften hier auch etwas hemmend auf das gemeinsame Angebot auswirken, dass es aber auf jeden Fall sehr sehr sinnvoll wäre sich zusammen zu setzen und eben sich über diese best practices auszutauschen."

Et soll eng besser géigesäiteg Unerkennung vu Weiderbildungen an der Groussregioun ginn: dat fuerdert de Jean-Claude Reding. Hie war déi lescht zwee Joer President vum Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun.

Méi Kooperatiounen an der Groussregioun

Eng aner Iddi, déi dëse Gremium lancéiert huet, ass déi, datt e gemeinsame Fong vun der Groussregioun kéint geschafe ginn, dat fir eng konkret Zesummenaarbecht op verschiddenen Niveauen. De Jean-Claude Reding nennt als Beispill Collaboratiounen am Beräich vum Transport oder vun der grenziwwerschreidender Weiderbildung, souwéi um Niveau vum Gesondheetswiesen.

"D'Kooperatioun am Fall vun der Urgence. Et bleift fir mech eng Absurditéit, datt mir net kucken, wou hu mir am noosten dat bescht ausgerëschte Spidol, wann een een Accident huet, egal ob dat elo dës oder déi aner Säit vun der Grenz ass, an datt een am séiersten dohinner kënnt. Dofir brauche mir Collaboratiounen."

No sengen zwee Joer un der Spëtzt vum Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun weist de Jean-Claude Reding sech zefridden doriwwer, datt d'Saarland mat senger Presidence vun der Groussregioun déi nächst zwee Joer och an d'Richtung wéilt goen, fir erëm grouss Iddien ze lancéieren.

Europawahlen: Eng Weichestellung

Neie President vum grouss-regionale Wirtschafts- a Sozialcomité gëtt den Direkter vun der Handelskammer vum Saarland, den Oliver Groll. Hien hofft, och am Virfeld vun den Europawahlen Enn Mee dëst Joer, datt sech d'Gefill vum Zesummegehéiere an der Groussregioun weiderentwéckelt an d'Gefill vum Stëllstand ofhëlt.

D'Wahle fir d'Europaparlament am Mee géifen eng "Weichestellung" duerstellen. "Wir hoffen, dass wir damit schaffen, unser erreichtes Niveau an Freiheit und Wohlstand hier in der Grossregion auch auf Dauer erhalten zu können. Anders als bisher müssen wir es aber aktiv verteidigen. Es passiert nicht von alleine.", esou den Oliver Groll.

Et geet ëm d'Zesummenaarbecht, net ëm Konkurrenz

Déi leschte zwee Joer huet de Grand-Duché d'Groussregioun presidéiert. Um leschte Sommet vun der Groussregioun ënner Lëtzebuerger Presidence Enn Januar erwaart de Jean-Claude Reding sech e Signal an d'Richtung, fir méi Zesummenaarbecht an der Groussregioun ze erreechen. Et wéilt ee konkret Projete vun der Zesummenaarbecht an der Groussregioun, an net d'Konkurrenz.

Fir besser ekonomesch zesummenzeschaffe misst een iwwer säi Schied sprangen, seet de Jean-Claude Reding. Et misst ee soen "et schafft net nëmme jiddweree fir säin Territoire a fir säi Staatsbudget, mee et schafft een och fir zesumme mat deenen anere gemeinsam eppes wëllen ze erreechen." Dës Mentalitéit wier eppes Wichteges fir den Image vu Lëtzebuerg, fir dovunner ewechzekommen, datt Lëtzebuerg am meeschte vun der Groussregioun géif profitéieren.

Groussregioun: Heemecht fir 12 Millioune Leit

Méi wéi dräi Véierel vun den am Ganzen iwwer 230.000 Grenzgänger an der Groussregioun hunn 2017 hei am Land geschafft. Dat allgemengt Klamme vun der Zuel vu Frontalieren an der Groussregioun wier virun allem op d'Entwécklungen a Lëtzebuerg zeréckzeféieren, steet am neie Rapport iwwer déi wirtschaftlech a sozial Situatioun an der Groussregioun ze liesen.

D'Saarland iwwerhëlt Enn Januar vu Lëtzebuerg d'Presidence vun der Groussregioun: an dësem europäesche Kooperatiounsraum, zu deem de Grand-Duché a seng Nopeschregioune gehéieren, liewe knapp 12 Millioune Mënschen.