Radioen

On air

Notturno  |  Shabason, Krgovich & Harris - I Don't See The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géint den Ausverkaf vun EU-Staatsbiergerschaften

EU-CITOYENNETÉIT

Géint den Ausverkaf vun EU-Staatsbiergerschaften

D'EU-Kommissioun huet legal Schrëtter géint Malta an Zypern annoncéiert. Hirer Meenung no verstéisst de Modell vun de sougenannte "gëllene Visa" géint EU-Recht. Am Europaparlament gëtt iwwer ee Gesetz diskutéiert, dat esou Geschäfter verhënnere soll.

auto_stories

3 min

"Europäesch Wäerter sinn net ze verkafen", esou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am September an hirer Ried zur Lag vun der Unioun. Si huet domat de Verkaf vun engem Pass oder engem Visa ugeschwat.

Déi zwou Saache ginn awer vu verschiddene Memberlänner um Marché géint Suen offréiert. Am Januar zejoert hat d'Kommissioun an engem Rapport festgehalen, datt esou Praktiken de Risiko vu Blanchiment, Steierevasioun a Korruptioun mat sech bréngen.

Prozedur géint Zypern a Malta

Elo gouf eng Prozedur lancéiert, géint Zypern a Malta.

"Eng Staatsbiergerschaft géint Payementer oder Investitiounen ze verginn, ouni datt et ee Lien mam Land selwer gëtt, ënnergrueft déi europäesch Citoyennetéit", erkläert de Porte-parole Christian Wiegand, d'Begrënnung vun der Kommissioun hirer Demarche.

Verschiddener, wéi den däitsche Grénge Sven Giegold hu scho laang op dee Schratt gewaart. Fir den Europadeputéierte ginn duerch de Verkaf vun engem Pass d'Reegele vum Schengenraum a vum EU-Bannemarché mëssbraucht.

"Dass kleine Mitgliedstaaten ein Recht verkaufen, das in der ganzen EU gilt, nämlich Bewegungsfreiheit und den Zugang zum Binnenmarkt, dass sie daraus ein Geschäftsmodell machen, diese Zugansgrechte zu verkaufen, das geht nicht."

Nodeems déi lescht Woch d'Televisiounschaîne Al Jazeera Detailer iwwer d'Vente vu Päss u Krimineller publizéiert hat, hat Zypern annoncéiert, de Verkaf vu Päss vum 1. November un ze stoppen.

Den Europadeputéierte Sven Giegold. Foto: Dominik Butzmann

D'Kommissioun gleeft awer net dodrun. Souwuel Malta wéi Zypern géife mat hire Programmer virufueren, seet de Christian Wiegand. "Malta huet eis matgedeelt, et géif verlängeren. An Zypern ass amgaang déi Demanden, déi nach ausstinn, ze verschaffen."

Gëlle Visaen net am Viséier vun der Kommissioun

D'Kommissioun huet virun allem déi Länner am A, déi Biergerrechter géint Suen offréieren, ouni datt sech déi betreffend Persounen iwwerhaapt am Land mussen ophalen.

Als manner problematesch gi Modeller ugesinn, bei deenen Auslänner géint Investitiounen ee Recht op Openthalt kafe kënnen. Lëtzebuerg huet esou e Programm. E verlaangt, datt een Interesséierten op d'mannst eng hallef Millioun investéiert a sech och op d'mannst sechs Méint am Joer am Land ophält.

Zypern handelt iwwerdeems genee wéi beispillsweis Portugal och mat Visaen. Heigéint huet d'Kommissioun bis elo näischt ënnerholl. Fir de Sven Giegold verkeeft een awer och mat Visaen europäesch Biergerrechter. Ëmmerhi krit een duerch esou ee Visa och Zougank zum ganze Schengenraum an et kéint een no fënnef Joer déi portugisesch Staatsbiergerschaft ufroen.

Europawäit Standarde festleeën

D'Europaparlament wëllt, datt et an Zukunft an der EU Reegele gëtt, déi verhënneren, datt esou Geschäfter gemaach ginn.

Wie Staatsbierger vun engem Land ass oder gëtt, decidéiert dat Land selwer, doru wäert och keng europäesch Direktiv eppes änneren, seet de Sven Giegold.

"Es muss Minimalvoraussetzungen geben, damit daraus nicht ein dreckiges Geschäft wird. Und da kann Europa Minimal Standards setzen und die EU-Verträge geben auch eine Basis dafür her, und das gilt auch insbesondere für die Visa."

D'Europaparlament huet wëlles eng Propos fir een europäescht Gesetz auszeschaffen. En Donneschdeg gëtt dozou iwwer eng Resolutioun ofgestëmmt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.