Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geféierlechen Amalgamm vun Entwécklungs- a Migrationspolitik

Europaparlament

Geféierlechen Amalgamm vun Entwécklungs- a Migrationspolitik

Ass et d'Aufgab vun der Entwécklungspolitik fir manner Flüchtlingen an Europa ze suergen? Duerch geziilt finanziell Investissementer vun den Donneure soll d'Migratiounspolitik beaflosst ginn.

auto_stories

3 min

D'Europaparlament stëmmt haut iwwert seng Positioun zum "Fong fir eng nohalteg Entwécklung" of a schwätzt sech virun allem fir méi streng Kritären fir d'Finanzéierung vu Projeten aus. De Fong soll och hëllefen, d'Ursaache vu Migratiounen ze bekämpfen. Ëmmer méi dacks gëtt probéiert e Lien tëschent der Entwécklungshëllef an der Migratiounspolitik ze maachen. Ee geféierlecht Spill, bei deem grad déi, déi op d'Hëllef ugewise sinn, net als Gewënner ervir ginn.

Wann ee privat oder ëffentlech Investisseuren dozou animéiere wëll, méi an deene Géigenden aktiv ze ginn, wou soss kaum Suen investéiert ginn, dann ass am Fong näischt dogéint ze soen. Genee dat ass jo de But vum Europäesche Fong fir nohalteg Entwécklung, deen nach dëst Joer soll geschaaft ginn.

E "Juncker-Plang" fir Afrika

D'EU iwwerhëlt eng Garantie fir d'Investitiounen. Doduerch gëtt de Risiko méi kleng an et soll dofir gesuergt ginn, datt méi Suen an déi Géigende fléissen.

Verschiddener vun deenen, déi sech fir dat neit Instrument asetzen, aviséieren e weidert Zil. D'Ausléiser vun der Migratioun solle bekämpft ginn andeem d'Suen a bestëmmte Regiounen investéiert ginn. Déi sollen dann och manner Refugiéë produzéieren.

Prinzipiell schwätzt näischt dogéint, dës Ursaachen ze bekämpfen. Et ass jo eng gutt Saach, wa manner Persoune forcéiert sinn, sech op de geféierleche Wee fir an Europa ze maachen.

Mat deem Argument verkeeft sech esou ee Kooperatiounsinstrument och vill besser bei deenen, déi eigentlech net zu de grousse Supportere vun der Entwécklungshëllef zielen.

Genee do läit awer och de Problem: Wien de Lien tëscht Entwécklungs- a Miigratiounspolitik mécht, dee suggeréiert net just, datt duerch d'Entwécklungshëllef d'Zuel vun de Refugiéen erof geet, mee och, datt de Succès vun där Politik nozemoossen ass.

Rechnung vum Fong muss net opgoen

Wat geschitt wann dee Fong um finanzielle Plang ee Succès gëtt? A wat, wa vill privat an ëffentlech Investisseuren ubäissen an nawell genee esou vill oder vläicht doduerch nach méi Flüchtlingen an Europa ukommen? Wär en dann een Echec?

Am Parlament hu sech konservativ Politiker fir en Investissement vum Fong an déi Länner agesat, mat deenen d'Europäesch Unioun am Kader vun der Migratiounspolitik eng speziell Partnerschaft ustrieft.

Mat dëse Länner, aus deene besonnesch vill Refugiéë kommen, sollen Accorden ofgeschloss ginn, déi och dofir suerge sollen, datt si déi refuséiert Asyldemandeuren nees zeréckhuelen.

Aarmut a Migratioun

Derbäi gëtt awer séier vergiess, datt d'Mënsche sech net aus alle Géigenden, wou d'Iwwerliewe schwiereg ass, op de geféierleche Wee a Richtung Europa maachen. Grad esou wéineg verhënnert eng finanziell Ënnerstëtzung eng signifikant Immigratioun an aner Gebidder.

D'Ursaache vun der Migratioun sinn net reng vun ekonomescher Natur. Manner Aarmut kann a verschiddene Fäll souguer zu méi Migratioun féieren.

Ofgesinn dovu läit et awer am Trend, Flüchtlings- mat Entwécklungspolitik ze vermëschen. Däitschland zum Beispill huet sech zejoert déi sechs Milliarden Euro, déi d’Land fir den Accueil vu Refugiéen ausginn huet, bei der staatlecher Entwécklungshëllef urechne gelooss. Op déi Aart a Weis ass Däitschland 2016 fir d’éischte Kéier op déi 0,7 Prozent Entwécklungshëllef vum PIB komm, zu deem sech d'Länner verflicht hunn.

Aufgabe vun Entwécklungspolitik si kloer

Den Optrag vun der Kooperatioun ass awer weder d'Zuel vun de Refugiéen an Europa ze deziméieren, nach den Accueil vun de Flüchtlingen ze finanzéieren. D'Entwécklungshëllef sollt sech no de Besoinen vun den Beneficiairen an e net vun den Donneuren orientéieren.

De Lien tëscht Migratiouns- a Kooperatiounspolitik ass u sech onlogesch. Eigentlech kéint een dëst Vermëschen och ganz einfach, an dat Wuert ass jo ganz beléift am Moment, an éischter Linn populistesch nennen.