Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geféierlech Vermëschungen

Wirtschaftschronik

Geféierlech Vermëschungen

D'Zukunft vum (ekonomesche) Wuesstem ass ee vun deene Sujeten, iwwert deen dëst Joer vill diskutéiert gouf. Leider net an den néidegen Nuancen. Lëtzebuerg brauch eng kohärent Zukunftsplanung.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck: D'Land muss kohärent geplangt ginn.

Lëtzebuerg erstéckt am Stau, den Zuchreseau ass saturéiert, d'Chantiere wuesse wéi Champignonen an den Himmel, d'Immobiliepräisser explodéieren. Wou fréier gréng Fläche waren, entsti grouss betonéiert Quartieren, d'Beie stierwen aus, grouss international Konzerner kommen op Lëtzebuerg a schafen net just Bréifkëschten, mä jee no Secteur dausenden Aarbechtsplazen, den Aarbechtsmarché ass op ëmmer méi Frontalieren an Expats ugewisen, d'Proportioun u Lëtzebuerger an hirem "eegene Land" gëtt méi kleng ...

Eng Partei, déi versteet, wéi si déi dote Messagen zu hire Gonschten opgräife kann, brauch d'nächst Joer bei de Chamberwahle keen déifgräifende Wahlprogramm ze schreiwen. Et geet duer déi populär Themen opzegräifen, fir Onsécherheeten ze schafen, a schonn ass ee sech sécher, bei ville Wieler gutt unzekommen.

Den Ament brauche mir de Wuesstem

"Wéi soll dat alles weidergoen, mir kënnen dach net onendlech esou weider wuessen?", froe vill Leit, an d'Fro ass pertinent. D'Äntwert dorop kann allerdéngs net just déi einfach Léisung sinn, datt Lëtzebuerg net méi wuesse soll. Et brauch ee sech just un d'Joren 2010 bis 2015 z'erënneren, wéi wéinst der Finanzkris de politeschen Discours op eemol staark geännert huet, wéi d'Land mat Steiererhéijunge konfrontéiert gouf, mat Spuermesuren hei an do, mat enger Staatsverschëldung déi geklommen ass a mat Finanzhëllefe fir aner europäesch Länner, deenen et am Verglach zu Lëtzebuerg wierklech schlecht gaangen ass.

Ganz einfach gesot: Wann d'Lëtzebuerger Ekonomie déi nächst zéng Joren net méi wiisst, a fir de Rescht keng aner Weiche gesat ginn, dann ass et eriwwer mam gesellschaftlechen a soziale Fridden hei am Land. Däers muss jidderee sech bewosst sinn.

Spléckung vun der Gesellschaft?

"Eng Mëschung vu Sozialnäid, Naturschutz a Rassismus bitt hei d'Basis fir eng breet politesch Koalitioun vu rietsen Nationalisten, moderne Rifkin-Liberalen a Rentemaurer bis zu gréngen Ëmweltschützer", huet de Romain Hilgert d'Situatioun virun enger Woch am Lëtzebuerger Land gutt analyséiert. Dora läit d'Gefor: Wa Lëtzebuerg et net fäerdeg bréngt, nuancéiert iwwer Léisungen ze debattéieren, riskéiert d'Gesellschaft gespléckt ze ginn.

Onbequem Froe stellen

Amplaz ze mengen, datt en ekonomesche Stëllstand duergoe géif, fir all d'Problemer ze léissen, muss d'Land sech méi am Detail mat den eenzele Problemer auserneesetzen, woubäi jidderee sech dann och e puer onbequemen Diskussioune stelle muss. Lëtzebuerg brauch eng laangfristeg Mobilitéitspolitik, déi den ëffentlechen Transport stäerkt, amplaz datt mir all mam Auto vun der Privatgarage bis an d'Déifgarage ënnert dem Bureausgebai fueren. D'Ressourcë musse geschount ginn an de Klimaschutz eescht geholl ginn, wat dann och kann heeschen, datt mir eis eegen Energieverschwendung reduzéiere mussen.

E kohärente Plang

D'Land muss endlech kohärent geplangt an urbaniséiert ginn, esou datt och Wunnenge bei den Aarbechtsplazen ze fanne sinn, och wann dat vläicht heescht, datt mir net méi alleguerte kënnen op der grénger Wiss wunnen. Et kann dann och net méi sinn, datt profitabel Konzerner a Spëtzeverdénger dolaanscht kommen, fir déi Steieren ze bezuelen, déi d'Land bräicht, fir eng gutt Sozial- an Investitiounspolitik ze bedreiwen.

De Pensiounssystem muss esou opgebaut sinn, datt ee just déi Pensiounen ausbezilt, déi een och laangfristeg stemme kann. An et muss doriwwer diskutéiert ginn, wéi d'Kohäsioun an der Gesellschaft an Zäite vun demografescher Entwécklung ka gestäerkt ginn. Déi Zukunftsdebatt muss gefouert ginn. Awer net just, andeems mir simplistesch mengen, d'Enn vum ekonomesche Wuesstem an d'Zoumaache vun de Grenze wieren d'Léisung vun all eise Problemer.