Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebaier, Industrie an Transport am Fokus

Sektoriell Klimaziler

Gebaier, Industrie an Transport am Fokus

D'Regierung wëllt d'Zäregasemissioune bis 2030 am stäerkste bei Gebaier, der Industrie an am Transport reduzéieren. Hei solle méi Efforte gemaach gi wéi zum Beispill an der Offallwirtschaft oder der Landwirtschaft.

auto_stories

2 min

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet d'sektoriell Klimaziler presentéiert. Foto: Archiv

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet déi sougenannte "sektoriell Klimaziler" presentéiert. Hei gëtt festgeluecht, wéi ee Bäitrag déi fënnef Secteuren solle leeschten, fir d'CO2-Emissioune vum Grand-Duché bis 2030 am Ganzen ëm 55 Prozent ze reduzéieren.

Zum Beispill sollen d'Gebaier méi energieeffizient ginn, fir datt dann nëmmen nach een Drëttel esou vill fossil Energie gebraucht gëtt, ewéi haut, fir ze hëtzen. Den Taux vu Albau-Renovatioune muss also klammen, esou d'Carole Dieschbourg:

"Dofir hu mir am Kader vun der Relance eis Aiden eropgesat. Dofir hu mir am Klimapakt 2.0 ee Volet zur Renovatioun. Well mir mengen, datt Gemengen ee Schlëssel fir méi grouss Renovatioune sinn. De Claude Turmes huet och eng Renovatiounsstrategie virgeluecht. Mir schaffen elo un der Ëmsetzung. Dat heescht, mir mussen an deem Beräich vill Efforte maachen."

Am Transport sollen d'Emissioune bis 2030 ëm iwwer d'Hallschent reduzéiert ginn: Ob a wéini d'Accisen um Sprit eventuell nach missten erop gesat ginn, fir datt manner zu Lëtzebuerg getankt gëtt, konnt d'Ëmweltministerin nach net soen.

Mouvéco begréisst sektoriell Klimaziler

De Mouvement Écologique begréisst an enger éischter Reaktioun, datt d'Regierung déi "iwwerfälleg" sektoriell Klimaziler endlech virgeluecht hätt, och wa virdru leider wichteg Zäit verluer gaange wier.

D'Ëmweltorganisatioun betount, d'Festleeë vun de sektoriellen Ziler wier zwar e wichtegen, mee nëmmen en éischte Schrëtt: Entscheedend wier, datt déi festgeluechten Mesuren elo och konkret ëmgesat ginn. Doru géif d'Glafwierdegkeet vun der Regierung schlussendlech gemooss ginn, esou de Mouvéco.