Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gary Diderich: Keng Hexejuegd, mee Oppositiounspolitik

Affär Traversini

Gary Diderich: Keng Hexejuegd, mee Oppositiounspolitik

Den Debat iwwer d'Affär Traversini wier an der Ëffentlechkeet deelweis wéi eng "Hexejuegd" vun der Oppositioun op den Déifferdenger Buergermeeschter duergestallt ginn. Dee Virworf léisst de Gary Diderich, Oppositiouns-Conseiller vun déi Lénk an der Gemeng Déifferdeng net gëllen.

auto_stories

2 min

Am Gary Diderich sengen Aen géif d'Roll vun der Oppositioun net richteg verstane ginn.

"Vill ze dacks stelle mir Froen, a mir kréie sou hallef Äntwerten. Och dës Kéier hunn ech Froe gestallt an ech hunn net all d'Äntwerte kritt - respektiv och keng Piècë virgeluecht kritt."

Fir hie wier dofir ee vun de reelle Problemer, datt d'Oppositiounsaarbecht net seriö genuch géif geholl ginn. Majoritéitspolitiker géifen hier Duerstellung och dacks sou dréinen, wéi wann et drëms géif goen, en Aneren "a Bedrouillë" wëllen ze bréngen. Dat wier awer net d'Intentioun, sou de Gemengepolitiker. Et géif vill méi drëms goe fir duerch Nofroen, Klärung a Sachverhalter ze bréngen, seet de Gary Diderich.

Gary Diderich: Weider Autoristioune wieren néideg gewiescht

Vun engem Ministère a vun engem Schäfferot géif et widderspréchlech Aussoe ginn, seet de Gary Diderich. "An esou oder esou ass mengen ech kloer, datt eng Autorisatioun néideg gewiescht wier, och fir d'Haus selwer", sou de Gary Diderich.

"De PAG vun der Déifferdénger Gemeng ass widderspréchlech tëscht Legend a partie écrite. Mee ob et elo an eng "zone destinée à rester libre" gehéiert - da wier et den Environnement, deen d'Geneemegung hätt misste ginn - oder eng "zone à construire" da wier et eben d'Gemeng gewiescht, mee et wier eng Autorisatioun néideg gewiescht. An do hu mir déi Aussoen net héieren."

Weider Froe bleiwen op

"Ech denken, datt een net souvill Saache maache kann, ouni datt een aneren et matkritt", äntwert den Déifferdenger Gemengeconseiller vun déi Lénk op d'Fro, ob nieft dem Roberto Traversini nach aner Leit an d'Affär ronderëm hie verwéckelt sinn. Hannergrond ass, datt de Parquet géint den demissionnaire Buergermeeschter vun Déifferdeng a géint Onbekannt enquêtéiert - ënner anerem wéinst méiglechem Verontreie vun ëffentleche Suen.

Dobäi geet et och ëm d'Fro, op de Roberto Traversini Aarbechten ouni déi néideg Baugenehmegungen maachen gelooss huet. Wéinst der Enquête wier et net méi un him fir weider Aussoen zum Dossier ze maachen, esou de Gary Diderich. Et misst een allerdéngs kucken, wéi den Déifferdénger Schäfferot weider mam Dossier géif ëmgoen, well nach Froen ongekläert sinn.