Bausecteur Fuerderungen a méiglech Liwwerengpäss

Dem OGBL no wier et besser gewiescht, d'Ukënnegung vun der Reprise vun de Chantiere wier manner kuerzfristeg gewiescht. De Premier Xavier Bettel hat jo virgëschter d'Decisioun vun der Regierung matgedeelt, datt d'Chantieren schonn e Méindeg erëm kënnen opgoen.

Serge Kesseler / cz

Bau
Foto: Bigstock / Bau Fahroni

Méi Virlafzäit fir d'Virbereedungen dorop wier besser gewiescht, mengt den OGBL-Zentralsekretär Jean-Luc de Mattheis. D'Sécherheet vun de Beschäftegten am Bau wier och fir den OGBL eng Prioritéit. Domat läit d'Gewerkschaft op dësem Punkt op enger Linn mam Patronat. Déi gréisste Prioritéit wier d'Sécherheet an d'Gesondheet vum Personal, hat de President vun de Bau-Entreprisë Roland Kuhn gëschter hei um radio 100,7 däitlech gemaach.

Den OGBL fuerdert Kontrollen a besonnesche Schutz fir vulnerabel Aarbechter

Den OGBL ass der Meenung, datt net méi wéi dräi bis véier Bauaarbechter pro Camionnette sollen transportéiert ginn, an d'Droe vu Schutzmasken obligatoresch ass. Den OGBL-Zentralsekretär plädéiert och dofir, datt dat streng kontrolléiert gëtt.

Donieft wënscht den OGBL sech e besonnesche Schutz fir vulnerabel Leit am Bausecteur. All Beschäftegte soll der Gewerkschaft no d'Recht kréie sech zréckzezéien, wann e sech net a Sécherheet fillt.

Prinzipiell "net schlecht" fënnt den OGBL déi geplangten Tester vun engem Echantillon vu Bauaarbechter op den neie Coronavirus, esou wéi d'Gesondheetsministerin et virgëschter ugekënnegt hat.

De Roland Kuhn gëtt Zousécherungen

Am Bausecteur léich de finanzielle Schued duerch d'Corona-Pandemie-Mesurë bei enger hallwer Milliard Euro. Dat schätzt de Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisen an Administrateur délégué vu Kuhn Constructions S.A.

Fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vun de Mataarbechter ze garantéieren, wier Informatiounsmaterial fir d'Bauaarbechter op de Chantieren ausgeschafft ginn, an et géifen nach Formatiounen organiséiert ginn, esou de Roland Kuhn.

Wann een Deel vun den Chantieren e Méindeg erëm opgemaach gëtt, da wier och genuch Schutzmaterial fir d'Personal do.

"Fir den Depart géing ech soe jo. Ech mengen, dat kréie mer nach alles elo haut a muer. Do kréie mer nach eng Partie Maske geliwwert. An all déi Baufirmen hu sech selwer och e bësse beméit fir Schutzmaterial ze besuerge fir déi éischt Woche mol sécher kënnen ze schaffen. Duerno wäert jo nach Material nokommen."

Schwéier, fir dat néidegt Material fir de Méindeg ze organiséieren

Wéi d'Chantieren op Decisioun vun der Regierung zougemaach gi waren, wier nach Baumaterial op der Plaz gewiescht. Virun e Méindeg misst awer nach gekläert ginn, ob genuch Material do ass, fir erëm kënnen ze schaffen.

"Wat mer haaptsächlech brauchen, dat ass Bëtong, dee gëtt och bestëmmt geliwwert. Eise misst och kënne geliwwert ginn. Borduren, Réier an déi Saachen, déi gi jo och zum Deel hei zu Lëtzebuerg produzéiert."

De Roland Kuhn rechent awer domat, datt eenzel Fournisseuren nach net kéinte liwweren, sou datt bestëmmt Saache wäerte feelen. Bis d'Chantieren erëm richteg lafen, kéint et eng Woch laang daueren.

Méi zum Thema

Gilles Feith
Coronavirus

D'Regierung stellt den Entreprisen och do e Starter Kit vu fënnef Masken zur Verfügung. Déi gi vun der Arméi um Findel verdeelt, sou de Gilles Feith, Hien ass an der Cellule de crise responsabel fir d'Logisitik.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen